Éischte Mee

Den Éischte Mee gëtt als Dag vun der Aarbecht, Dag vun der Aarbechterbeweegung, Internationalen Dag vun der Aarbechterklass oder einfach als Mee-Feierdag bezeechent.

Zu Lëtzebuerg an a villen anere Länner ass et e gesetzleche Feierdag.

Éischte Mee
Protestschëld aus der fréierer DDR (ëm 1960)

Den 1. Mee ass eng Geleeënheet, fir sech un de Kampf vun de Gewerkschafte fir sozial Leeschtunge wéi Aarbechtszäitreegelung, bezuelte Congé oder sozial Ofsécherung vun de Salariéen z'erënneren. Gemenkerhand sinn hautdesdaags um 1. Mee Familljefester oder Manifestatiounen déi vun de Gewerkschaften organiséiert ginn a wou se hir aktuell Fuerderunge presentéieren.

Haymarket Riot

Den 1. Mee 1886 huet zu Chicago am Illinois um Haymarket e Streik vun e puer Deeg ugefaangen, dee vun de Gewerkschaften organiséiert gi war, fir eng Reduzéierung vun der der deeglecher Aarbechtszäit vun zwielef op aacht Stonnen duerchsetzen. D'Evenementer vum 1. Mee an den Deeg duerno gi gemenkerhand als Haymarket Riot ((lb) Heemaart-Opstand) bezeechent a gëllen als Urspronk vun der Traditioun vun der Aarbechterklass a vun de Gewerkschafte fir den 1. Mee zum internationalen Dag vun der Aarbechterklass z'erklären.

Gesetzleche Feierdag

Zu Lëtzebuerg zielt den Éischte Mee zanter 1946 als gesetzleche Feierdag. Well Christi Himmelfaart e variabele Feierdag ass, kann et virkommen, datt déi zwee Feierdeeg (Éischte Mee a Christi Himmelfaart) openee falen: dat ass fir d'nächst am Joer 2160 de Fall.

An Däitschland hat d'Parlament vun der Weimarer Republik 1919 den Éischte Mee als gesetzleche Feierdag festgeluecht, dat hat awer just fir ee Joer gegollt. An der Zäit vum Nationalsozialismus gouf den Éischte Mee vun 1933 un e gesetzleche Feierdag; e gouf deemools "Dag vun der nationaler Aarbecht" ((de) Tag der nationalen Arbeit) genannt. 1934 gouf en an "Nationalfeierdag vum däitsche Vollek" ((de) Nationalfeiertag des Deutschen Volkes) ëmgenannt. Nom Zweete Weltkrich gouf den Éischte Mee 1946 als Feierdag um Alliéierte Kontrollrot confirméiert.

D'Planze vum Éischte Mee

Meekranz

Éischte Mee 
E Meekranz

Laang ier den Éischte Mee als internationalen Dag vun der Aarbechterklass gefeiert gouf, bestoungen an eise Géigende sougenannt Mee-Bräich, déi dacks nach op heednesch Afferfester zeréck gaange sinn, ier se vum Chrëschtentum iwwerholl goufen. Fir beispillsweis béis Geeschter ewech ze halen, si fréier an den Haiser, Ställ a Scheiere geseente Kraider a geweite Pällem gestreet ginn oder et goufe mat Kräid grouss Kräizer op d'Fënsteren an d'Dieren gemoolt an d'Zëmmere goufe mat Wäiwaasser besprutzt.

Iwwerdeems fréier richteg Meebeem opgestallt goufen, gëtt sech hautdesdaags drop limitéiert Meekränz ze flechten, déi dann a engem Cortège duerch d'Dierfer a Stied gedroen a schliisslech iwwer den Hausdieren an op de Fassaden opgehaange ginn. Op déi Manéier gëtt déi waarm a sonnege Joreszäit agelaut.

Meeréischen

Éischte Mee 
E Bouquet Meeréisercher

A Frankräich besteet zanter der Renaissance de Brauch, sech um 1. Mee eng Meeréischen ze schenken. Verschidde Rapporten iwwer de franséische Kinnek Charles IX. soen, datt hien den Damme vu sengem Haff vun de 1560er Joren un allkéiers am Fréijoer eng Meeréische geschenkt huet a gesot soll hunn: "Sou soll dat all Joer geschéien" ((fr) Qu'il en soit fait ainsi chaque année). Am Ufank vum 20. Joerhonnert war et an der Île-de-France Usus sech fir den 1. Mee eng Meeréischen, als Symbol vum Fréijoer z'offréieren.

D'Meeréische gëtt als eng Blumm betruecht, déi Gléck bréngt an dofir besteet och an eise Géigenden de Brauch, datt Persounen, déi gutt zesumme sinn, sech den Éischte Mee eng Meeréische schenken.

Oeillet

An Däitschland dréit een traditionell fir den Dag vun der Aarbecht eng rout Oeillet am Knäpplach. Dës Traditioun geet op den 1. Mee 1890 zeréck, wéi Militanten - obwuel et verbuede war ze manifestéieren - sech an de Parke getraff hunn an als Zeeche vun der Unerkennung eng rout Oeillet am Knapplach gedroen hunn.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Éischte Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Éischte Mee Haymarket RiotÉischte Mee Gesetzleche FeierdagÉischte Mee DPlanze vum Éischte Mee Kuckt ochÉischte Mee Um SpaweckÉischte MeeFeierdagLëtzebuerg (Land)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Lëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger StaatsrotHoratio NelsonKapitalismusFernand MertensHämmelsmarschEldoradioPhilippinnenEd LauterZesummen - d'BréckClaude ChristnachAndré DuchscherSexualitéitOlympesch Wanterspiller 2022Robert GoebbelsKatalouneschSaudiarabienJules WernerKarl MarxL'enquêteKachkéisMontanaElisabeth vun Éisträich-UngarnLes inconnus dans la maisonAlfred HitchcockGolf vum OmanMierschOregonKréischelenNaturJoanne GoebbelsLiichtmëssdagWikipediaKlitorisLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergMuselFlouernummBill GatesSynagog Stad LëtzebuergRob DeltgenEuropa (Kontinent)FeilGëlle FraFrankräichRTL GroupLyme-BorreliosLëtzebuerger Filmpräis 202110. FebruarLëtzebuerg am Zweete WeltkrichRafael SpringerJoresofschlossBernard FeltenJéineschWe' meng Mamm nach huet gesponnenDiddelenger SchmelzMartine SolovieffHollandLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmInternetAmerikaneschen OnofhängegkeetskrichFloridaFranséischLëtzebuerg (Land)Stamm (Biologie)Portraits d'artistesJames II. vun England16. AbrëllCharles MederAinhoa AchuteguiFC Déifferdeng 0316. MäerzDagestanKrichPersesche GolfSchrëftstellerNicolas Wampach🡆 More