D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891).
Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.
Den Dicks, Fils vum Regierungspresident Théodore de la Fontaine, huet mat den 21 Strophe vum Vulleparlament dat bekannt Vollekslidd Vullenhochzäit nogedicht. Hien huet de Spunnes gedriwwe mat 15 Deputéiert déi - mat Ausnam vum August Collart a Vendelin Jurion - zu der Oppositioun an der Chamber gehéiert hunn a domat „Géigner“ vu sengem Papp waren. Doduerch, datt hie s'als Vullen duergestallt huet, huet den Dicks de Geck gemaach mat hire perséinlechen Eegenaarten, Schwächten an absurde politesche Fuerderungen.
An dësem Gedicht trëtt den Dicks als Géigner vun de progressiv-liberalen a volleksnoen Deputéiert. Duerch dat neit agefouert Walrecht am Joer 1848 si fir d'éischt Kéier Deputéiert am Parlament vertrueden, déi weeder zu der kultivéierter Bourgeoisie nach zum Besëtzbiergertum gehéieren. Des Weidere weist hie mam Gedicht seng Mëssuechtung fir de parlamentareschen a demokratesche System.
(1) Déi Kréi als gescheitste Vull
Sëtz op dem Presidentestull
Déi Räeren, déi Räeren,
Déi spillen d'Sekreetären.
(2) A wéi gesouch de President
Datt d'Deputéierten all present,
Houscht hien: hëm, hëm.
A seet mat enger staarker Stëmm:
(3) “Dir Häre Vullen, haalt iech stëll,
“Dir sidd heihi beruff, fir vill ...
“Ze schwätzen, schwätzen,
“Är Kloen auserneen ze setzen.”
(4) En ale Kueb fänkt un a seet:
“Wéi d'Welt haut steet, 't deet engem Leed!
“Kiriee!, kiriee!
“O Jëses Maria jeminee!!”
(5) - “Jo”, seet eng Eil “wat opgekläert
“Dat war zu aller Zäit verkéiert;
“Ze vill Liicht, Liicht,
“Verdroe mir net am Gesiicht.”
(6) Déi Nuechtegail fänkt nun och un,
Wëllt, datt all Vull eng Stëmm soll hunn.
Däi Gesang, Gesang,
Nuechtegail, fënnt nach wéineg Klang.
(7) E Mierhong, wat dréit eng Paréck,
Seet: “Fort mat alle Vullestréck!”
“Meng ganz Clique, Clique,
“An ech wëllen d'Republik.”
(8) De Schnauzvull steet dem Mierhong bäi,
A rifft: “'t ass glat keng Geckerei!
“Mir aner, aner
“Si rout Republikaner.”
(9) De Vugel Greif steet op a biet
Ëm d'Wuert an hält déi follgend Ried:
“Dir Hären, Hären,
“'t geet iwwer d'Fonctionnairen!
(10) “Dat si verfluchte Kärelen:
“Sinn houfreg wéi d'Goldmärelen,
“Déi Broutdéif, Broutdéif,
Der Däiwel en Tractemente géif!”
(11) “Bravo!” soen d'hongeregst Vullen, d'Gäns
A reiwe sech vu Freed hir Pänz,
Saperment, Saperment!
“Mir päifen en en Tractement.”
(12) Dorop d'Märel bleech vu Roserei:
“Du solls dach Vugel Greif elei,
“Begräifen, begräifen.”
“Stëll, wann all Vulle päifen.”
(13) De Mitock jäizt: “Keng Steiere méi,
“Keng Schoul, kee Wäirecht, keng Chaussée,
“Keng Mairen, Mairen,
“A fort mat allen Hären!”
(14) “Ja”, rifft de Schnuddli-Rouderack,
“Erof och mat der Lompeklack!
“D'Gendaarmen, d'Gendaarmen
“An d'Gesetz iwwer d'Aarmen.”
(15) Dertëschent ëmmer fort, d'Schielmees
Zerschwätzt sech iwwer alles hees;
Déi Grasméck, Grasméck,
Ass hei an do och mächteg flénck.
(16) “'t geet anescht”, rifft een: Kukrukuen!
“Ech sinn iwwer iech all den Huen:
“Gëtt uecht, gëtt uecht!
“Ech hunn d'Constitutioun geluecht!
(17) “Ma dat ass laang nach net genoch;
“O wier ech nëmmen Här eng Woch!
“Gëtt mer eng Plaz, Plaz,
“Soss sidd dir all e Vull fir d'Kaz!”
(18) “'t ass wouer”, seet de President,
“'t ass d'Schold all vum Gouvernement.
“Déi Cola'en, Cola'en
“Déi sollen d'Gléck vum Land haut man.”
(19) “Hurra!” jäizt alles “Vive la Belsch!”
“'lo ginn déi Däitsch och nammel Welsch!
“President, President
“Erof mat dem Gouvernement!”
(20) A wéi se alles ëmgehäit,
Koum ënner se vill Näid a Sträit;
Si schaimen, schaimen,
Ee wëllt deen anere pleimen.
(21) Si waren nach um rappen drun,
Du koum den Adler ugeflunn.
Deen deet s an, an,
Fir all deem Spaass en Enn ze man.
Déi 15 Deputéiert déi karikéiert gi sinn:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article D'Vulleparlament am Gréngewald, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.