Chaturanga kënnt aus Indien a kann als Ur-Schach an als Ur-Xiangqi (chineesesch Schachvariant) ugesi ginn.
Der So no ass Tschaturanga am 4. Joerhonnert vum Sisa Ibn Dahir erfonnt ginn. Den deemolegen indeschen Herrscher Shihram war sou vum Spill begeeschtert, datt en dem Sisa Ibn Dahir e Wonsch fräi gelooss huet. Deen huet sech dunn e Räiskär gewënscht, dat op dat éischt Spillfeld geluecht sollt ginn, op dat zweet Feld zwéi Kären, op dat drëtt véier Kären, a sou weider, bis zum 64. Feld ëmmer d'duebel Zuel vu Räiskäeren. Den Herscher duecht, bëlleg ewechzekommen. Mä wéi en dunn gemierkt huet, datt de Sisa Ibn Dahir sech a Wierklechkeet méi Räiskäre gewënscht hat, wéi et der am ganze Land iwwerhaapt gouf, do huet en dem Sisa Ibn Dahir de Kapp erofhae gelooss.
Genee wéi beim Schach besteet e Chaturanga-Briet och aus 8 x 8 Felder. D'Spillfigure sinn och déi selwecht, just heesche se heiansdo anescht a si kënnen net all wéi d'Schachfiguren zéien. D'Haaptënnerscheeder zum Schach sinn déi heiten:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Chaturanga, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.