Boxen: Kampfsportaart

Boxen ass eng Kampfsportaart bei där sech zwéi Géigner no festgeluechte Reegele géigesäiteg bekämpfen.

D'Zil vum Boxkampf ass et, fir de Géigner mat méiglechst vill Schléi ze treffen, oder hie mat engem Knockout (k.o.) z'eliminéieren. D'Kämpfer si fir gewéinlech mat gepolsterten Händschen ausstafféiert a se mussen aus derselwechter Gewiichtsklass stamen.

Boxen
Boxen: Geschicht, Spillfeld, Reegelen
Boxen: Geschicht, Spillfeld, Reegelen
Typ Kampfsport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 1904
ausser 1912
Federatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de boxe
Ursprong
Ursprongsland England
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum) 2
Spiller (Maximum) 2
Gebraucht gëtt Boxhändsch, Boxréng
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Lëscht vun de Boxweltmeeschter (de)
Boxen: Geschicht, Spillfeld, Reegelen

Et gëtt grondsätzlech tëscht Amateur- a Profiboxen ënnerscheet. D'Amateurboxen ass als Olympesch Sportaart bei den Olympesche Spiller an och bei de Commonwealth Games vertrueden an huet eng eege Weltmeeschterschaft. Professionell Boxkämpf gi vu kommerzielle Boxverbänn organiséiert. Zanter 2016 däerfe professionell Boxer och bei den Olympesche Spiller matmaachen.

Geschicht

Iwwerdeems et Kompetitioune Mann géint Mann warscheinlech schonn zënter dem Ufank vun der Mënschheetsgeschicht gëtt, kënnen d'Ufäng vum Fauschtkampf als organiséierte Sport bis bei d'Olympesch Spiller vun de Griichen am Joer 688 v. Chr. zeréckverfollegt ginn. Dat modernt Boxen huet sech aus de reegelméissege Präiskämpf, déi am 17. an 18. Joerhonnert an England organiséiert goufen, entwéckelt. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert sinn d'Haaptreegele vum moderne Boxsport, déi sougenannt Queensberry-Reegele, festgeluecht ginn. Absënns d'Händsche goufen dunn obligatoresch.

Spillfeld

Geboxt gëtt am sougenannte Boxréng (oder einfach Réng), enger quadratescher Fläch mat enger Säitelängt tëscht 4,9 a 7,3 Meter. Déi Fläch ass op all Säit mat Seeler delimitéiert déi tëscht de véier Ecker gespaant sinn. Um Buedem vum Réng läit eng elastesch Baatsch an dat Ganzt steet op enger Zort Podest, e bësse méi héich wéi de Buedem vun der Hal.

De Begrëff Réng (vum englesche ring), deen zënter dem 14. Joerhonnert nogewisen ass, kënnt vun de Spectateuren déi an engem Krees oder Rank ronderëm d'Boxer stoungen.

Reegelen

E Boxkampf ass ënnert der Opsiicht vun engem Réngriichter a geet iwwer e puer Ronnen, déi bis zu dräi Minutten daueren. De Kampf ass fäerdeg, wann de Réngriichter entscheet, datt ee vun de Kontrahenten net méi fäeg ass de Kampf weiderzeféieren, wann et e seriöe Reegelverstouss gouf, ee vun deenen Zwéin opgëtt oder wann et no der regulärer Zuel vu Ronnen zu enger Entscheedung duerch Punkte kënnt.

Boxen an d'Olympesch Spiller

D'Boxe gouf et fir d'éischt bei den Olympesche Spiller 1904 zu St Louis an zënterhier bei alle Spiller, ausser 1912 zu Stockholm, well de Sport deemools a Schwede verbuede war. Fir d'Fraen ass d'Olympescht Boxe mat dräi Gewiichtsklassen 2012 zu London agefouert ginn.

Olympesch Summerspiller 2024

Bei den Häre gëtt et siwe Gewiichtsklassen (eng manner wéi 2020 zu Tokio) a bei den Damme gëtt et der sechs (eng weider wéi virdrun). D'Kämpf gi vun Ufank un nom k.o.-Prinzip ausgedroen an et gëtt kee Stieche fir d'drëtt Plaz.

An der Virronn sinn d'Kompetitiounen am Parc des expositions de Paris-Nord Villepinte, iwwerdeems déi aner am Stade Roland Garros sinn.

Boxen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg si siwe Boxclibb am nationale Boxverband federéiert.

Boxen: Geschicht, Spillfeld, Reegelen  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de boxe.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Boxen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Boxen GeschichtBoxen SpillfeldBoxen ReegelenBoxen an dOlympesch SpillerBoxen zu LëtzebuergBoxen Kuckt ochBoxen Um SpaweckBoxen

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

WikiMars Science LaboratoryGemeng WolzClinique Saint-FrançoisVerluerekaschtOlympesch Wanterspiller 2022Rafael SpringerDäitsch-OthEsch-UelzechtCBP QuilvestKulturzentrum KulturfabrikPornofilmJeannot LunkesVorarlbergPoison (Film 2023)Sarah SchreiberBhumibol AdulyadejHellespontRobert vu LëtzebuergFranséische PällemNorbert CampagnaMinettstramMëttelamerikaGrenzerkierch Esch-UelzechtDiddelenger SchmelzGattung (Biologie)Raymond ClementStamm (Biologie)OmanCôte de La RedouteDe FeierwonMuttergottesliddTony AwardsEngel AlbertEnzyklopedieSingapur (Republik)StiefesdagDieter DJoanne GoebbelsElisabeth vun Éisträich-UngarnJDan SpogenJoseph KutterKarel de GroussenFrankräichLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenClaude ChristnachLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenPolenOmar SharifUerdnung (Biologie)Lee Van CleefGriichelandRené KollwelterMartine DeprezKatalouneschInternationale WärungsfongSpotifyLiège-Bastogne-Liège 2024Jakobuskierch zu Greiweldeng6. MäerzRenée Wagener29. JanuarNuméro d'identification national (Lëtzebuerg)Félix BrazMinistère vun den ongeléiste ProblemerPhilippinnenBigelbaachOregonLëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder🡆 More