Ardoises ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum René Leclère aus dem Joer 1938.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1937-1938 |
Première | 23. September 1938 |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1:1,37 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Franséisch Däitsch |
Ekipp | |
Regie | René Leclère |
Dréibuch | René Leclère |
Fotografie | Marcel Grignon |
Musek | Wal-Berg |
Produktiouns- gesellschaft | Filmalux |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Film ass en Tounfilm an a schwaarz-wäiss gedréint.
De Film beschreift d'Aarbecht an de Leekollen an d'Produktioun vu Leeën.
E gouf produzéiert fir Reklamm fir de lëtzebuergesche Schifer ze maachen an an de Schifergrouwen zu Uewermaartel gefilmt.
D'Dréiaarbechten hunn de 25. September 1937 ugefaangen.
Un der Produktioun waren den Evy Friedrich an de Kameraoperateur Marcel Grignon bedeelegt, déi schonn u Il est un petit pays (1937) mam René Leclère zesummegeschafft haten.
Et war deen éischte lëtzebuergesche, bei deem eng kënschtlech Beliichtung zum Asaz koum, an de Schifergrouwen.
D'Première war am Ciné Marivaux den 23. September 1938.
De Film huet eng laang Zäit als verluer gegollt, bis den CNA 1997 e puer Kopien erëmfonnt huet an en d'Joer drop restauréiert huet.
Au cinéma Marivaux on a projeté vendredi soir un nouveau film de René Leclère sur les ardoisières de Martelange. Cette production lui fait le plus grand honneur. Il suit d'un bout à l'autre l'extraction des ardoises dans les galeries, la mise en oeuvre des blocs qu'on en extrait et leur transformation en plaques, éviers, seuils de porte, appuis de fenêtres, etc. Toutes ces vues sont du plus grand intérêt et font comprendre rimportance de cette industrie dans notre vie économique.
Ronn 70 Joer méi spéit huet den Tom Alesch mat Bloë Steen (2007) e weideren Documentairen iwwer d'Schiferindustrie zu Uewermaartel gedréint.
Am Joer 1999 huet de Paul Lesch e Buch iwwert de René Leclère a säi Wierk verëffentlecht. Zesumme mam Buch huet den CNA, als Deel vun der Serie "Ardoises", siwe Filmer vum Leclère op VHS-Kassett erausbruecht, dorënner Il est un petit pays.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ardoises, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.