Den Alexander Baumgartner, gebuer de 27.
Juni">27. Juni 1841 zu St. Gallen an der Schwäiz, a gestuerwen de 5. September 1910 an der Stad Lëtzebuerg war e Schwäizer Jesuitt a Literaturwëssenschaftler.
Alexander Baumgartner | |
---|---|
Gebuer | 27. Juni 1841 St. Gallen |
Gestuerwen | 5. September 1910 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Schwäiz |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Literaturkritiker |
De Baumgartner war 1860 an de Jesuittenuerden agetrueden. No senger Ausbildung gouf hien e reegelméissegen a wichtege Mataarbechter vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach.
Am Hierscht 1899 koum de Baumgartner op Lëtzebuerg, wou hien um Lampertsbierg am Schrëftstellerheem Bellevue, dat vun däitsche Jesuitte gebaut gi war, gelieft a geschafft huet. An der Tëschenzäit hat hie sech en Numm als Literaturhistoriker gemaach. Zu Lëtzebuerg huet hien de leschte Band vu senger monumentaler Geschichte der Weltliteratur fäerdeg geschriwwen. D'Publikatioun vun deem Band, deen den Ënnertitel Geschichte der italienischen Literatur dréit, huet hien net méi erlieft. Hien ass de 5. September 1910 zu Lëtzebuerg gestuerwen an den 8. September um Nikloskierfecht begruewe ginn.
Säi Papp war de Schwäizer Politiker Gallus Jakob Baumgartner.
De Baumgartner ass séier zu Lëtzebuerg an de Vergiess geroden, wéi dat 1935 mat Bedaueren an der Jonghémecht festgestallt ginn ass: Der 25. Todestag Alexander Baumgartners († 5. September 1910) ist unsers Wissens hierlands gänzlich unvermerkt vorübergegangen. Und doch liegt auf unserem Liebfrauenfriedhof wohl niemand, der es zeitlebens an Berühmtheit mit dem Verfasser der "Weltliteratur" hätte aufnehmen können.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alexander Baumgartner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.