19. Abrëll: Bei engem Bommenattentat zu Oklahoma City kommen 168 Mënschen ëm d'Liewen.
Südamerika
De Fernando Henrique Cardoso gëtt Staatspresident a Brasilien.
Asien
17. Januar: Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,2 bei Kobe, a Japan; iwwer 5.500 Mënsche stierwen, iwwer 400.000 ginn der blesséiert. Héich Materialschied.
20. Mäerz: D'japanesch Aum-Sekt mécht eng Attack mam gëftege Gas Sarin op d'Tokioer Metro.
Ozeanien & Pazifik
Noen Osten an Arabesch Welt
04. November: Den israeelesche Premier Yitzhak Rabin gëtt vun engem extrem-rietse Fanatiker zu Jerusalem no enger Manifestatioun fir de Fridden erschoss.
Konscht a Kultur
Kino
César fir de beschte Film: Les Roseaux Sauvages vum André Techiné.
Oscar fir de beschte Film: Braveheart vum Mel Gibson.
Gëlle Palm vu Cannes: Underground vum Emir Kusturica.
22. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Ta`Qali, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.
29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:2 géint Norwegen.
26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oslo, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:5 géint Norwegen.
07. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint déi Tschechesch Republik. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.
06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Luc Holtz geschoss.
11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:0 géint Wäissrussland.
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:3 géint déi Tschechesch Republik.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1995, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.