De Victor Klees, gebuer den 18.
Oktober">18. Oktober 1907 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 15. Abrëll 1995, war e lëtzebuergesche Schwëmmer, Olympionik a Foussballspiller, dee bei der Spora ënner Vertrag stoung.
Victor Klees | |
---|---|
Gebuer | 18. Oktober 1907 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 15. Abrëll 1995 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Waasserballspiller, Foussballspiller |
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam am Waasserball vertrueden.
Hien huet de 25. Januar an den 1. Mäerz 1931 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.
De Victor Klees hat en zimmlech kräftege Schoss: 1930 an der Finall vun der Coupe des 3 Nations géint den FC Mannheim, huet hien e Fräistouss aus 60 Meter Entfernung verwandelt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Victor Klees, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.