De Willy Dumont, gebuer den 29.
Februar">29. Februar 1880 zu Hamm, a gestuerwen de 24. Januar 1956 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Gäertner a Volleksschrëftsteller.
Willy Dumont | |
---|---|
Gebuer | 29. Februar 1880 Hamm |
Gestuerwen | 24. Januar 1956 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dramatiker, Gäertner |
Fir Gäertnerei ze léieren, koum de Willy Dumont no der Primärschoul op d'Schläifmillen, bei d'Bridder Godchaux. Du krut en eng Aarbecht zu Wëntreng a beim Blummegäertner Wenandy um Lampertsbierg. No siwe Joer am Ausland koum den Dumont nees heem a krut eng Ustellung bei enger Herrschaft op der Schläifmillen. No 13 Joer als Gäertner an der Stëftung Pescatore huet de Willy Dumont sech selbstänneg gemaach.
Dem Willy Dumont säi léifsten Zäitverdreif war awer den Theater. Nodeem hien aus der Friemd zeréck war huet en een Theaterensembel gegrënnt an en huet ugefaangen, Stécker ze schreiwen. Den Dumont war ni en Intellektuellen; hie léisst sech am beschten als Volleksschrëftsteller klasséieren.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Willy Dumont, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.