De Wilhelmus ass d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg.
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Säit beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Hymn Wilhelmus. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wilhelmus (Homonymie).
Den éischten Text gouf 1915 vum Willy Goergen geschriwwen. 1919 bei Geleeënheet vum Bestietnes vun der Groussherzogin Charlotte mam Prënz Félix, huet den Nik Welter den Text als Hymn fir d'Haus Lëtzebuerg-Nassau-Bourbon ëmgeschriwwen an huet dobäi dem Goergen seng éischt Stroph ewechgelooss.
De Wilhelmus gëtt gespillt wa bei enger Zeremonie e Member vum groussherzoglechen Haus ukënnt oder fortgeet.
1. Versioun
I Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f, ko'men ausenâner weit an de'f; Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f, hunn och stëll gebiet datt Fridde ge'f: Haut weisen si der ganzer Welt en engem Feld d'Goldlilje mat dem ro'de Kro'nele'w; Haut dron s'a jongem Glëck Hand an Hand d'Hoffnonk vun dem Letzeburger Land.
II D'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk fle'ßt durch d'Blutt ons we' e Feierdronk: d'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk mëcht âl Hierzer an âl Zeite jonk. An op de Fielzen un der Our de wei en Tur hieft himmelhe'ch eng sche'n Erënneronk. Haut dre't e stolzt Geschlecht Hand an Hand Nuem a Le'ft vum Letzeburger Land.
III Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt, t'gong fir d'Freihét an et gong fir d'Land; mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt, d'E'er agesat zum Ennerpand. A wann eng nei Gefôr en drêt, mir si berêt, mir halen nês mat Hierz a Wëlle stand; Da stêt rem fro' a stolz Hand an Hand Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land.
IV So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn, Fürst a Vollek Frêd we' Lêd mat drôn; So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn, Ganz hir Pflicht ge'nt sech an d'Hémecht dôn; E starke Stâm an âler Erd, an duebel wert mat freier Kro'n voll Saft a Sonn ze stôn. O Herrgott, lêt du trei Hand an Hand d'Kanner vun dem Letzeburger Land!
Literatur
Menager, Laurent, 1898. Die Hymne: Wilhelmus von Nassauen. Hémecht: 464-469. [mat Nouten]
Paul Ulveling: De Wilhelmus - séng Quellen a séng Entwécklongsgeschicht am Laf vun de Johrhonnerten. (Luxembourg), RTL-Édition, (1984). 67-(l) S.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wilhelmus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.