Dës Säit erkläert Iech, wéi Der en neien Artikel kënnt opmaachen.
Wann Dir en Artikel liest, gesitt Dir rout a blo Wierder am Text stoen. Déi blo Wierder sinn déi fir déi et een Artikel op der Wikipedia gëtt. Déi Rout soen iech datt et deen Artikel nach net gëtt.
Wann Dir dann duerno nach eppes wëllt am Artikel änneren klickt uewen op der Säit op de Reider Änneren, an d'Editiounsfënster geet erëm op.
Wann Dir e Wuert an engem Artikel fannt dat net verlinkt ass an Dir wëllt en Artikel doriwwer schreiwen, kënnt Dir dat Wuert verlinken.
Den Titel vum Artikel besteet normalerweis einfach aus dem Numm vun der Saach déi dir beschreiwe wëllt.
Bei Artikelnimm vu Persoune steet de Virnumm vir (dofir heescht e jo och sou), an de Familljennumm hannendrun. Wann et zwou oder méi Persoune ginn déi deeselwechten Numm hunn, ginn déi ënnerscheet duerch en Zousaz deen a Klamere geschriwwe gëtt. Beispill Claude Meisch (Biolog), well et méi Persoune mat dem Numm Claude Meisch gëtt.
Dat kann och de Fall si bei anere Begrëffer. Beispill: et gëtt dräi Uertschaften déi Ierpeldeng heeschen: Ierpeldeng bei Ettelbréck, Ierpeldeng bei Réimech an Ierpeldeng bei Wolz. Wann Dir an d'Sichfënsterchen Ierpeldeng agitt kommt Dir op dës Säit: Ierpeldeng. Op där Säit gëtt Iech dann erkläert, wéivill Uertschaften et mat deem Numm gëtt.
Wann Dir en Artikel wëllt schreiwen an Dir mierkt, nodeems Dir e mat Hëllef vun der Sichfënsterche fonnt hutt, datt et deen Artikel schonn ënner deem Numm gëtt, iwwerzeegt Iech dovun, datt et ëm dat selwecht Thema geet wéi dat, wat Dir wollt schreiwen. Wann dat net de Fall ass, schreift den Numm nach eng Kéier an d'Sichfënsterchen, mat engem Zousaz tëscht Klameren, an da fuert Der weider wéi am drëtten Abschnitt hei uewendriwwer beschriwwen.
Remarque: Wann Dir net sécher sidd, wéi Dir Ären Artikel sollt nennen, frot op der Diskussiounssäit vun engem Administrateur no, oder op der Säit Wiki: Ech hunn eng Fro.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Neien Artikel schreiwen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.