artikel/Wéi Änneren Ech En Artikel

Hei kritt Dir no an no gewisen, wéi Dir en Artikel ännere kënnt.

Sicht Iech als éischt en Artikel eraus, deen dir ännere wëllt. Iwwer der Säit fannt Dir verschidden Optiounen, op déi Dir klicke kënnt. Klickt op Änneren.

Edit

Den Artikel ass elo am Ännere-Modus. Den Text ass an der Editéier-Zone, enger Fënster wou Dir en ännere kënnt.

Editéierzone

Ännert alles wat Iech gefällt. Beim Schreiwe mierkt Dir datt am Text Saache wéi '', ''', [[, ]] stinn. Këmmert Iech an enger éischter Linn emol net dorëms a setzt är Ännerunge dran.

Dat Eenzegt wat Dir direkt um Ufank braucht, ass wéi Dir en neie Paragraphe maache kënnt. Dofir gëtt et zwou Méiglechkeeten:

  • Haalt déi lescht Linn virum neie Paragraphe op mat
    .
  • oder loosst eng Zeil aus.

Wann Dir fäerdeg sidd mat Änneren, gitt bis un d'Enn vun der Säit a klickt op Kucken ouni ofzespäicheren, dem Knapp riets nieft "Säit späicheren".

Preview Button

Dir gesitt den Artikel elo am Preview-Modus. Dir gesitt är Ännerunge schonn, mä opgepasst, déi nei Versioun ass nach net gespäichert.

Preview-Mode

Ännert sou laang bis Dir zefridde sidd mat ärem Artikel.

Wann Dir fäerdeg sidd, schreift an d'Resumé-Feld kuerz wat Dir gemaach hutt (wann et eng Klengegkeet war, klickt an d'Këschtchen viru "Kleng Ännerung").

Klickt duerno op Säit späicheren.

Summary & Save

Domat hutt Dir ären éischte Bäitrag fir d'Wikipedia geschriwwen !:-)

Tags:

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

ZypernJang de BlannenJean vu LëtzebuergCharles MederDLouschlësselLucien CzugaDomaine publicÄerdbiewenTony AwardsGeorges MischoRobert SchumanKnuedlerDominique LangProsper Friob29. JanuarWikipediaJéineschPablo EscobarInternetGuy BergBud LuckeyErnst Wilhelm ContzenWladimir Wladimirowitsch PutinOta NalezinekOlympesch Wanterspiller 2022D'MargréitchenTali GolergantLëtzebuerger Filmpräis 2018PafendallSS-Sonderlager HinzertOpen SourceEuropäesch CommunautéitenPéiterséileginselFloridaCorinna HarfouchKommunikatiounssatellitAlain AttenRTL Radio LëtzebuergFernand FoxRaymond BurrAustralienKarl MarxDëppegéisser (Museksgrupp)Manneken PisBangladeschISBNDieter DSowjetuniounPierre RauschTom JungenHenri WehenkelIechternachElisabeth MargueEric ThillCharles MarxPhilippe SchneiderJean-Baptiste FresezSankt PéitersbuergCécile WagnerLëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger StaatsrotJoanne GoebbelsGustave SertaPortraits d'artistesMailandCharlotte vu LëtzebuergRobert BrandyMazedoneschMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)🡆 More