De Wäisse Stuerk (Ciconia ciconia) ass eng Zuchvullenaart aus der Famill vun de Stuerken (Ciconiidae).
Wäisse Stuerk | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Wäisse Stuerk | |||||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Weißstorch fr: Cigogne blanche | ||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Ciconia ciconia (Linnaeus, 1758) |
Wäiss Stuerke si ronn 80 bis 100 cm laang an hunn eng Fligelspanwäit vun 200 bis 220 cm. Si hu wäiss Fiederen um Kierper, déi un de Flilleke si schwaarz. De Schniewel an d'Patte si roudelzeg. Wäiss Stuerken hunn e Gewiicht vun enger 2,5 bis 4,5 kg. Si hu keng haart Stëmm, dofir verstännege se sech doduerch, datt se mat hirem Schniewel klabberen.
De Wäisse Stuerk frësst klengt Gedéiesch, dat en um Buedem fënnt, wann en duerch d'Wisen an d'Suppe stuerkt, an dann op een Zock mat sengem Schniewel paakt: Reewierm, Insekten, Fräschen, Mais, Fësch, Schlaangen an och alt emol Déierekadaveren, a seelen d'Eeër oder d'Brutt vun aner Vullenaarten, déi um Buedem bréien.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert era war de Wäisse Stuerk zu Lëtzebuerg geleefeg. Duerno huet en do als ausgestuerwe gegollt. 2013 konnt op der Lameschmillen, am Naturschutzgebitt Dumongshaff, eng éischt Kéier nees eng Koppel observéiert ginn, déi do hiert Nascht gebaut huet, an zwee (ufanks véier) Jonker opgezillt huet. Zanterdeems goufen nees all Joers (Stand 2021) eng oder méi Koppelen zu Lëtzebuerg gesinn, déi probéiert hunn, Klenger opzezillen.
2014 gouf de Wäisse Stuerk vun der Asbl natur&ëmwelt als Vull vum Joer erausgesicht.
Commons: Ciconia ciconia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wäisse Stuerk, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.