Den Thomas Lanier Tennessee Williams III, gebuer de 26.
Mäerz">26. Mäerz 1911 zu Columbus, Mississippi a gestuerwen de 25. Februar1983 zu New York, war en US-amerikaneschen Theaterschrëftsteller, deem säi Wierk haut zu den engleschsproochege Klassiker vum 20. Joerhonnert gezielt gëtt.
Nodeem e jorelaang weider kee grousse Succès hat, hat en 1944 den Duerchbroch mat The Glass Menagerie. E groussen Erfolleg hat en och an de Joren duerno, absënns mat Stécker wéi A Streetcar Named Desire, Cat on a Hot Tin Roof, Orpheus Descending, The Rose Tattoo, The Night of the Iguana, Suddenly Last Summer a Sweet Bird of Youth. An den 1960er Joren huet hien en neie Stil pausprobéiert, deen awer net sou gutt beim Publikum ukomm ass. Alkohol- and Drogenofhängegkeet haten zousätzlech e schlechten Impakt op säi spéidert Schafen.
De Williams huet eng Rëtsch vu senge bekanntste Stécker fir de Kino adaptéiert, wou se mat Stare wéi Marlon Brando, Elizabeth Taylor oder Katharine Hepburn mat Succès verfilmt goufen. Hien huet ausserdeem Kuerzgeschichten, Gedichter, Essayen a Memoire geschriwwen.
Vill vu senge Stécker hunn autobiographesch Elementer, an thematiséieren tëschemënschlech Relatiounen a psychesch Stéierungen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tennessee Williams, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.