Simone Weil: Franséisch Philosophin an chrëschtlech Mystikerin
D'Simone Adolphine Weil, gebuer den 3.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Philosophin Simone Weil. Fir déi franséisch Politikerin, kuckt wgl. Simone Veil.
Februar">3. Februar 1909 zu Paräis a gestuerwen de 24. August1943 zu Ashford, an England, war eng franséisch Philosophin, Sozialrevolutionärin a Mystikerin. Si koum aus enger sekulärer jiddescher Famill, huet sech awer géint d'Enn vun hirem Liewen dem chrëschtlecheMystizismus nogefillt. Hiert Wierk, wouvun dat meescht eréischt no hirem Doud publizéiert gouf, dréint sech dacks ëm d'Froe vu Gerechtegkeet a Solidaritéit, oder huet philosophiegeschichtlech oder Aktualitéitsthemen als Sujet.
Résistance intérieure française, Confédération générale du travail
Famill
Geschwëster
André Weil
Si hat Philosophie studéiert a gouf 1931 Lycéesprofessesch, huet awer no e puer Joer an deem Beruff opgehalen, fir vun 1934 bis 1935 a Fabrécke schaffen ze goen, a sou d'Liewe vun den Aarbechter z'erliewen. Si war staark sozial a gewerkschaftlech engagéiert, a gouf 1936 Spueniekämpferin. Hiert Engagement am Spuenesche Biergerkrich war awer vu kuerzer Dauer, wéinst enger Blessur huet si missen nees heem. 1938 huet si sech staark fir reliéis-chrëschtlech Theemen intresséiert, a stoung a Kontakt mat Paschtéier a Pateren.
Am Zweete Weltkrich goung si am Juli 1940 mat hirer Famill op Marseille wunnen, duerno 1942 an d'USA. Vun do goung si eleng a Groussbritannien, fir do fir d'France libre vum Charles de Gaulle ze schaffen. 1943 goung et hir gesondheetlech ëmmer méi schlecht, a si ass am Grosvenor Sanatorium zu Ashford un Tuberkulos gestuerwen.
Œuvres complètes, sous la dir. d'André A. Devaux et Florence de Lussy, Paris, Gallimard, 1988 - ... . Vun de geplangte 17 koumen der bis ewell 12 eraus.
Martin Steffens, Simone Weil: Les Besoins de l'âme, reprise de l'intégralité du premier chapitre de L'Enracinement, accompagnée d'un dossier établi par Martin Steffens, Paris, Gallimard, coll. « Folio plus philosophie », 2007.
François L'Yvonnet (dir.), Simone Weil, le grand passage, Paris, Albin Michel, 2006.
Emmanuel Gabellieri, Être et don. Simone Weil et la philosophie, Louvain-Paris, Éditions Peeters, 2003.
Robert Chenavier, Simone Weil. Une philosophie du travail, coll. « La nuit surveillée », Paris, Éditions du Cerf, 2001.
François L'Yvonnet, Simone Weil, Porfolio, ADPF, Ministère des Affaires étrangères, Paris, 2000.
Philippe de Saint Robert, La Vision tragique de Simone Weil, Paris, Éditions François-Xavier de Guibert, 1999.
Charles Jacquier (sous la direction de), Simone Weil, l'expérience de la vie et le travail de la pensée, Arles, Éditions Sulliver, 1998.
Miklos Vetö, La Métaphysique religieuse de Simone Weil, Paris, L'Harmattan, 1997.
Jean-Marie Muller, Simone Weil: l'exigence de non-violence, Desclée de Brouwer, 1995.
Simone Pétrement, La Vie de Simone Weil, Paris, Fayard, 1973, seconde édition 1997.
Bertrand Saint-Sernin, L'action politique selon Simone Weil, Paris, Le Cerf, 1988.
Gaston Kempfner, La philosophie mystique de Simone Weil, Éditions La Colombe, 1960.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Simone Weil, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.