Bei de Schrëftrulle vum Doudege Mier, och Schrëftrulle vu Qumran genannt, handelt et sech ëm eng Rei Pergamenter, déi 1947 vu Beduinen an 11 Hielen an der Géigend vu Qumran, am Jordan-Dall direkt beim Doudege Mier, fonnt goufen.
Si ziele mat zu den eelste Schrëftstécker vun der Welt.
Den 29. November 1947, engem historeschen Dag fir Israel, deem vun der Deelung vu Palestina duerch d'UNO, huet de Professer A. Sukenik vu Jerusalem déi wichteg Entdeckung vun dëse Manuskripter ugekënnegt an dobäi op hiren aussergewéinleche Wäert fir d'ganz Mënschheet higewisen.
Bei de Rulle vu Qumran handelt et sech ëm d'Wierker aus de Bibliothéike vu Jerusalem, déi am Laf vun der Invasioun vun de Réimer, 66-70 n. Chr., a Sécherheet bruecht goufen an do verstoppt si ginn. Den eelste bibleschen Text ass e Fragment aus dem Buch vum Samuel a geet op d'Enn vum 3. Joerhonnert v. Chr. zeréck. Dësen eelsten hebräeschen Text, dee weltbekannt ginn ass, ass d'Schrëftrull mam ganzen Text vum Prophet Jesaja. Si gouf a 54 Kolonnen op gebitzte Pergamentrulle geschriwwen an huet eng Längt vu 7,34 m.
Enn September 2011 huet de the israel museum, jerusalem fënnef Fragmenter vu Qumran-Rullen am Internet verëffentlecht. Dozou gehéiert och déi grouss Jesajarull. Op der Websäit vum Musée kann een duerch d'Schëftrullen an héijer Opléisung bliederen an se deelweis souguer an englescher Iwwersetzung liesen.
Commons: Schrëftrulle vum Doudege Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Schrëftrulle vum Doudege Mier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.