Sacharow-Präis

De Sacharow-Präis fir fräit Denken (englesch: Sakharov Prize for Freedom of Thought), meescht einfach Sacharow-Präis oder Sakharov-Präis genannt, ass eng Auszeechnung vum Europaparlament, déi u Persounen an Organisatioune geet, déi hiert Liewen oder hir Aktiounen der Verdeedegung vun de Mënscherechter an der Fräiheet widmen.

E gouf 1988 an d'Liewe geruff an ass nom sowjetesche Wëssenschaftler an Dissident Andrei Sacharow benannt.

Sacharow-Präis
D'Remise vum Sacharow-Präis un den Denis Mukwege (2014) am Parlament zu Stroossbuerg

Laureaten

Sacharow-Präis 
D'Aung San Suu Kyi krut d'Auszeechnung schonn 1990 accordéiert, konnt se awer eréischt 2013 entgéinthuelen
Sacharow-Präis 
Och de Guillermo Fariñas hätt se sollen 2010 entgéint huelen. Well d'kubanesch Regierung him d'Ausrees net erlaabt huet, ass dat eréischt 2013 geschitt
  • 1988: Nelson Mandela (Anti-Apartheid-Kämpfer a spéidere südafrikanesche President) an Anatoli Martschenko (sowjeteschen Dissident; † 1986)
  • 1989: Alexander Dubček, tschechoslowakesche Politiker a Matinitiator vum Prager Fréijoer
  • 1990: Aung San Suu Kyi, Grënnerin vun der Nationaler Liga fir Demokratie a Myanmar
  • 1991: Adem Demaçi, albanesche Schrëftsteller aus dem Kosovo
  • 1992: Madres de Plaza de Mayo, argentinesch Mënscherechtsbeweegung
  • 1993: Oslobođenje, Zeitung aus Sarajevo
  • 1994: Taslima Nasrin, Schrëftsteller aus dem Bangladesch
  • 1995: Leyla Zana, kurdesch Deputéiert am tierkesche Parlament
  • 1996: Wei Jingsheng, chineesesche Regimekritiker
  • 1997: Salima Ghezali, algeeresch Journalistin a Mënscherechtsaktivistin
  • 1998: Ibrahim Rugova, politesche Leader vun der albanescher Bevëlkerung am Kosovo
  • 1999: Xanana Gusmão, Leader vun der Onofhängegkeetsbeweegung an Osttimor
  • 2000: ¡Basta Ya!, Organisation, déi sech géint den ETA-Terrorismus riicht
  • 2001: Don Zacarias Kamwenho (Äerzbëschof vu Lubango, Angola); Nurit Peled-Elhanan (israeelesch Dozentin) an Izzat Ghazzawi (palestinensesche Schrëftsteller)
  • 2002: Oswaldo Payá, kubanesche Regimekritiker
  • 2003: UN-Generalsekretär Kofi Annan an all d'Mataarbechter vun de Vereenten Natiounen
  • 2004: de wäissrussesche Journalisteverband (BAJ)
  • 2005: d'kubanesche Mënscherechtsbeweegung "Dammen a Wäiss"; Reporter ouni Grenzen; d'nigerianesch Affekotin Hauwa Ibrahim
  • 2006: Aljaksandr Milinkewitsch, wäissrussesche Oppositiounspolitiker
  • 2007: Salih Mahmoud Osman, sudaneesesche Mënscherechtsaffekot
  • 2008: Hu Jia, chineesesche Biergerrechtler
  • 2009: "Memorial", russesch Mënscherechtsorganisatioun
  • 2010: Guillermo Fariñas, kubanesche Regimekritiker an Dokter
  • 2011: Mohamed Bouazizi (†, Tunesien), Asmaa Mahfouz (Egypten), Ahmed al-Senussi (Libyen), Razan Zaitouneh an Ali Ferzat (Syrien): Aktiviste vum Arabesche Fréijoer
  • 2012: Nasrin Sotudeh (iranesch Affekotin) an Jafar Panahi (iranesche Regisseur)
  • 2013: Malala Yousafzai, pakistanesch Bloggerin a Kannerrechtsaktivistin
  • 2014: Denis Mukwege, kongoleesesche Gynekolog
  • 2015: Raif Badawi, Blogger aus Saudiarabien
  • 2016: Nadia Murad a Lamija Adschi Baschar, Jesidinnen, déi vum "Islamische Staat" entfouert gi sinn

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

Andrei Dmitrijewitsch SacharowEuropaparlamentMënscherechter

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Spueneschen TiermchenSankt PéitersbuergJoerHomsLee Van CleefKréischelenKrimkrichAlbert BorschetteJang de BlannenWebsäitDäitsch-OthKulturzentrum KulturfabrikFluchhafe LëtzebuergWe' meng Mamm nach huet gesponnenMarie HeinzComptabilitéitD'Pierle vum DaMaximilian SchellLex Delles13Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Georges RavaraniNathalie Reuter (Journalistin)1146PolenWikipedia op DäitschNorbert BeckerVorarlbergGemeng WolzJhemp HoscheitNuméro d'identification national (Lëtzebuerg)Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)LëtzebuergeschEuropäesch CommunautéitenMalaysiaSpotifyUkrainBenito MussoliniLiège-Bastogne-Liège 2023KapuzinertheaterLSaratowKanton LëtzebuergJules PrussenMullebutzJean-Antoine ZinnenZäitRobert BrandyMuselJoseph KutterInternationale WärungsfongLuc FriedenLaosGemeng Béiwen-Atert21. JuniFernand MertensE-BassPit RomersaLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenAmerikaneschen OnofhängegkeetskrichRobert vu LëtzebuergCharles SubervilleWladimir Wladimirowitsch PutinJéineschGeorges Eugène Haussmann5. Mee🡆 More