D'RMS Titanic war e Passagéierschëff.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Proprietär war déi brittesch Oceanic Steam Navigation Company, déi vun 1901 un zur Reedereigrupp International Mercantile Marine Company vum US-amerikanesche Banquier J. P. Morgan gehéiert huet. Si koum 1912 nei aus der Werft .
RMS Titanic | |
---|---|
Technesch Donneeën (Iwwerbléck) | |
Schëffstyp: | Passagéierdampfer |
Klass: | Olympic-Klass |
Asaz: | Transatlantesche Linneverkéier |
Tonnage: | 46.329 BRT |
Verdrängung: | 53.147 t |
Längt: | 269,04 m |
Breet: | 28,19 m |
Déifgank: | 10,54 m |
Héicht (mam Schaarschtech): | 56 m |
Schëffsmotoren: | 3 Propeller, 2 Véierzylinder-Kolwendampmaschinnen, 1 Nidderdrock-Parsonsturbinn |
Leeschtung: | 51.000 n.h.p. |
Vitess: | 21 Kniet Standard zirka 24 Kniet max. |
Passagéierplazen: | 750 Éischt Klass 550 Zweet Klass 1100 Drëtt Klass |
Equipage: | 897 |
Bauufank: | 31. Mäerz 1909 |
Stapellaf: | 31. Mee 1911 |
A Betrib geholl: | 2. Abrëll 1912 |
Schicksal: | ënnergang de 15. Abrëll 1912 |
D'Schëff war fir de Linnendéngscht op der Route Southampton–Cherburg–Queenstown–New York, New York–Plymouth–Cherburg–Southampton virgesinn a sollt nei Moosse setzen, wat de Confort ugeet. Ee komplette Reesezyklus (hin an zeréck) huet deemools nach dräi Woche gedauert. Fir zu engem wochentlechen Horaire iwwergoen ze kënnen, goufen dräi nei Schëffer vun der Olympic-Klass gebaut. D'Titanic war eent vun deene Schëffer.
Schonn op hirer éischter Rees ass si an der Nuecht vum 14. op de 15. Abrëll 1912 géint 23:40 Auer op en Äisbierg gerannt an ass zwou Stonnen a véierzeg Minutte méi spéit am Nordatlantik ënnergaangen. Bei Temperaturen ënner 0 °C sinn tëscht 1490 a 1517 vun den 2200 Persounen u Bord ëmkomm. Opgrond vun der héijer Zuel vun Affer zielt den Ënnergank vun der Titanic nach ëmmer zu de gréisste Schëffkatastrophen.
Commons: RMS Titanic – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article RMS Titanic, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.