Réimesch Relioun

D'Réimesch Relioun ass eng polythéistesch Relioun.

Si ëmfaasst eng ganz Rei vu rituellen Akten a Glawen. D'Réimer hu sech selwer als déi gleewegst Leit op der Welt ugesinn. D'Gëtter an d'Relioun fënnt een iwwerall, souwuel an der Ëffentlechkeet wéi och am private Liewe vun de Réimer rëm. All Versammlung, all Staatssëtzung an all ëffentlech Feier ass mat engem reliéise Ritual ugefaange ginn, fir den Accord vun de Gëtter ze kréien.

Wiesen

D'Numen

D'réimesch Relioun hat e phenomeenologescht Betruechten op d'Natur an huet sech dru ginn, d'pax deorum, d'friddlech Uerdnung, déi vun de Gëtter festgeluecht gouf, ze behidden. Der réimescher huet, anescht wéi der griichescher Relioun, en anthropomorphe Pantheon gefeelt, bei deem d'Gëtter an tatsächlecher Mënschegestalt optrieden. D'réimesch Gëtter hate keng richteg réimesch Mythologie. De Kraaftbegrëff Numen, dee souvill wéi gëttlecht Wierken bedeit hat dobäi eng zentral Bedeitung.

D'Religio

D'laténglescht Verb religere bedeit: eppes wéi virdru betruechten, an d'Verb religare bedeit: erëm vereenegen. Religio bedeit also wann een de Sënn vu religare betruecht, d'perséinlech Verbonnenheet vun engem Mënsch u Gott. Am Sënn vun religere bedeit religio d'gewëssenhaft Beuechtung vun den traditionelle kultesche Bräich, déi de Bezuch zwëschen der mënschlecher an der helleger Sphäre hiergestallt hunn. De géigesäitege Charakter vum do ut des (ech ginn, fir datt s du gëss) war present. E bedeit, datt wann ee seng rituell Flichten exakt erfëllt an op déi Aart a Weis eppes fir d'Gëtter mécht, da kann een sech vun hinnen eng Géigeleeschtung erwaarden. D'Pietas ass e flichtgerecht Behuele vis-à-vis vu Mënschen a Gëtter, mä si ass net mat der chrëschtlecher Frëmmegkeet ze vergläichen. An deem Verständnis kann et nëmmen eng eenzeg religio ginn.

Kult

Kultformalismus

Vill Fuerscher gesinn Änlechkeeten tëschen der réimescher Kultpraxis a mageschen Handlungen. Wann een d'Virschrëften prezis anhält, da waren d'Gëtter de Mënschen dankbar. Ritualer goufen dacks praktizéiert an hu misse prezis praktizéiert ginn a wann et néideg war, widderholl ginn, fir datt d'Gëtter net rose ginn. An de sougenannte Libri Sibyllini, déi nëmme wann de Senat et beschléisst, konsultéiert gi kënnen, stinn d'Ritualvirschrëften. Gebiet, Gelübde an Affer waren déi dräi wichtegst kultesch Äusserungen. Ënner dem Affer versteet een en hellegt Iesse mat de Gëtter, wou Déieren (Schwäin, Schof a Stéier), Friichten a Gedrénks giess a gedronk goufen. Et goufen och Waffe vun de géignereschen Zaldote geaffert. D'Divinatio oder d'Wahrsagerei gouf och praktizéiert. Dem Staat seng Flicht huet dora bestan, de Wëlle vun de Gëtter ze préiwen; en huet se duerch sougenannt hauspices oder augures duerchféiere gelooss. All aussergewéinleche Phenomeen am Alldag oder an der Natur gouf als e gëttleche Message interpretéiert.

Ëffentleche Kult

De Mëttelpunkt vun der ëffentlecher réimescher Relioun war de Kapitolineschen Tempel. Scho ganz fréi sinn ëffentlech Kulter entstan. Eng Staatspriisterschaft (sacerdotes) huet dës kontrolléiert. An der réimescher Pontifikalrelioun huet de Kinnik déi wichtegst priisterlech Funktiounen ausgefouert, an der Republik war et de pontifex maximus an zënter dem Augustus, de Keeser. D'Paschtéier hunn och d'dies fasti an nefasti (Deeg mat oder ouni Rechtsspriechung) an d'dies comitiales (Deeg vun de Volleksversammlungen) fixéiert, si hunn de Kalenner festgeluecht an nach vill méi.

Keeserkult

De Keeserkult fänkt un, wéi den ermordeten Julius Caesar als Divus Iulius ënnert d'Staatsgottheete vu Roum opgeholl gouf. Den Augustus huet seng Veréierung als Gott am italesche Kärland refüséiert, mä hie gouf awer no sengem Doud offiziell zum Divus erhuewen, wéi all Keeser nom Claudius. Verschidde Keesere wéi zum Beispill de Caligula, den Domitian an de Commodus hu sech schonn, wéi se nach gelieft hunn, als Gëtter veréiere gelooss. D'Ausübung vum Keeserkult huet d'Loyalitéit géigeniwwer dem Keeser verlaangt a war dowéinst en Ulass fir Ausernanersetzunge mat de monothéistesche Relioune vu Judden a Chrëschten. Eng Veréierung, un där och Chrëschten deelhuele konnten, huet de Keeserkult zënter dem Konstantin dem Groussen ersat.

Private Kult a superstitio

Typesch Kultplaze waren den Uewen a wäertvoll Schief. Gottheete vum private Stot waren de genius (männlech) oder d'iuno (weiblech) (den individuelle Schëpfer- an Zeugungsgeescht vun all Réimer an all Réimerin), d'lares (Haus- a Weeweiser) an d'penates (Geeschter vum Haus an der Spënnchen). De pater familias mee och ëffentlech Persoune waren zoustänneg fir d'Ausféierung vun de Riten. D'Geeschter vun de Verstuerwene waren en eminent Theema. D'reliéis Praktike vun den einfache Leit waren dacks am Widdersproch mat deene vun de wëssende Leit a goufen dann als superstitio (Awerglawen, Wahnvirstellungen, asw.) bezeechent. Domat war d'superstitio de Géigesaz vun der eenzeg richteger religio.

Entwécklung

8. bis 6. Joerhonnert v. Chr.

No enger Legend soll den 1. réimesche Kinnik, de Romulus, d'réimesch Relioun gegrënnt hunn an den 2., den Numa Pompilius, de réimesche Gottesdéngscht. Well d'Réimer ganz am Ufank e Vollek vun Akerbauere waren, war e groussen Deel vun de reliéisen Handlunge vum Vollek dem Wuesse vu Saachen, déi se ugeplanzt hunn, consacréiert. Zauberriten, Afferhandlungen a verschidde Gebietsformen hunn dofir gesuergt, datt dat Béist vun Haiser, Ställ a Felder verdriwwe gouf. Virun dem Séinen z. B. huet de Gott Jupiter en Iess- an Drénkaffer krut. Schonn am eelste Kalenner, och vum Numa agefouert, stoungen, déi um Bauerejoer orientéiert Fester (saturnalia, cerialia, lupercalia, parilia). Den Haaptgott Mars war Krichsgott, hie war zoustänneg fir d'Gedeie vu Véi a fir d'Recolt a Mëssernten. De Mars, de Jupiter an de Quirinius hunn eng Dräiheet gebilt, déi vun den Uewerpriister Affer kruten. Zu de Gëtter vun de Baueren hunn och z. B. de Saturnus, den Tellus an d'Flora gezielt.

6. bis 4. Joerhonnert v. Chr.

D'réimesch Relioun huet sech um Enn vum 6. Joerhonnert transforméiert, andeem se ënnert etruskëschem Afloss e méi stättesche Charakter gewonnen huet. Stättesch Gëtter waren z. B. d'Palatua, de Portunus an d'Vesta. Op d'ursprénglech oppe Kultplazen (locus sacer sine tecto) an Hellegtümer, wéi z. B. Quellen, goufen Altäer opgeriicht an duerno Tempelen. Am 5. Joerhonnert v. Chr. goufe griichesch Bräich a reliéis Virstellungen agefouert, déi d'réimesch Mythologie wéi eng Spigelung vun der griichescher wierke gelooss huet. Um Enn vum 3. Joerhonnert war all réimesch Gottheet enger griichescher gläichgestallt z. B. Jupiter–Zeus, Mars–Ares, asw.

3. bis 1. Joerhonnert v. Chr.

D'Réimer hu behaapt, si wieren déi reliéist vun alle Vëlker. D'Kybele, eng Fruchbarkeetsgëttin war d'Patréinesch vun trojanesche Virfahren a gouf mat der Mammegëttin Rhea gläichgestallt. An de gebilte Kreesser ass, ënnert dem Afloss vun der griichescher Philosophie, haaptsächlech der Stoa, eng Religiositéit mat pantheisteschen an atheisteschen Neigungen entstan.

27 v. Chr. bis 96 n. Chr.

Dem Augustus seng Restauratiounspolitik huet dora bestan d'Priisterkollegien an d'Kultverbänn erëm an d'Liewen ze ruffen, Tempelen ze bauen, nei numina ze schafen (pax, felicitas, iustitia, providentia, securitas). Dem Vespasian seng Wonner respektiv Wonnerheelungen si berüümt an ähnelen neitestamentaleschen Erzielunge vu Jesus. Well d'Grenz zwëschen dem Mënschlechen an dem Gëttleche fir Griichen a Réimer, net sou wéi an anere Kulturen méi liicht ze iwwerwanne war, konnte Keeser an och mächteg Politiker kultesch Éieren empfänken, fir eng Hierarchie opzebauen.

2. bis 3. Joerhonnert n. Chr.

Den Apollonios vun Tyana huet vill Wonner bewierkt an huet eng Himmelfaart matgemaach. D'"Orientaliséierung" vun der réimescher Relioun huet géint Enn vum 3. Joerhonnert n. Chr. hire Maximum erreecht: De Keeser Aurelian huet de Gott sol invictus zum wichtegste Gott erhuewen, wat enger allgemenger mono- oder henotheistescher Tendenz entsprach huet. Dee mat sol invictus identifizéierten Mithras ass en Haaptugrëffszil vum konkurréierende Chrëschtentum ginn, dat sech bis zum Enn vum 2. Joerhonnert am ganze Räich verbreet huet.

4. bis 6. Joerhonnert n. Chr.

Den Diokletian, den 1. Keeser vun der Spéitantik huet sech selwer Iovius genannt an huet sech sou ënnert de Schutz vum Jupiter gestallt. Ënnert senger Herrschaft goufen déi traditionnel Kulter an och de Sol Invictus Mithras gefërdert. Well d'Chrëschtentum, als montheistesch Relioun net mam Keeserkult averstan war, ass et zur Chrëschteverfollegung komm.

Den Toleranzedikt vun 311 n. Chr. vum Galerius an d'Mailänner Vereinbarung vun 313 n Chr. vum Konstantin a Licinius hunn d'Ausübung vun alle Reliounen, och vun der chrëschtlecher erlaabt. De Konstantin huet souguer der Kierch Sue ginn an huet seng Kanner am chrëchtlesche Glawen erzunn. De Keeser Gratian huet d'Amt vum pontifex maximus ofgeschaaft a vun 380 n. Chr. un, huet den Theodosius d'Chrëschtentum zur Staatsrelioun erkläert an heednesch Relioune verbueden.

Kuckt och

Tags:

Réimesch Relioun WiesenRéimesch Relioun KultRéimesch Relioun EntwécklungRéimesch Relioun Kuckt ochRéimesch ReliounGottPolytheismusRelioun

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Angélique marquise des angesLuc FriedenMannifaltConcord CoachQuébecMathematikIechternachEnzyklopedie32Fernand BauerV.I.C72017TelekommunikatiounJean vu LëtzebuergTschechesch1949Anouk WagenerSiddhartha GautamaMullebutzAtert (Provënz Lëtzebuerg)ISSNMoldawienHënnerEvan HunterMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)BulgarienOns HeemechtTeleperformanceVindobonaHotel AlfaFrank GoetzLuxemburger WortD'Maus Ketti19171968QKapstad2010Al Kierch Rued-SirNGC 4216Schlass AansebuergLëtzebuerg (Stad)Ali RuckertChris Roberts (Sänger)Lëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder1911NtasmanienRoum1947GehaansfénkelcherJulie SchroellAdriaan BlaauwGiro Rosa 2000Avenue du Rock'n'rollDe LäbCOVID-19-Pandemie zu LëtzebuergBLuxairBasket EschGreen Bank-ObservatoireLittle DukeMarcel CahenC1170Italieenesch🡆 More