Den Diokletian (lat.: Diocles, gr.: Διοκλῆς), mam ganzen Numm Gaius Aurelius Valerius Diocletianus, gebuer tëscht 236 an 245 zu Dalmatia a gestuerwen ëm 312 zu Spalatum, war vun 284 bis 305 réimesche Keeser.
Mat him gouf déi Diokletianesch Ära agelaut.
Diokletian | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gaius Valerius Diocles |
Gebuer | 240er jul. |
Gestuerwen | 310er Split |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Aktivitéit | Politiker, Monarch |
Famill | |
Geschwëster | Maximian Herculius |
Kanner | Maximian Herculius |
Den Diokletian huet Reformen duerchgezunn, déi gehollef hunn, datt d'Réimescht Räich seng Kris am 3. Joerhonnert fir zeguttst iwwerwonnen huet an d'Zäit vun den Zaldotekeeser op en Enn goung. Déi wichtegst Reforme waren an der Administratioun, dorënner der iwwer d'Organisatioun vun de Provënzen. Den Diokletian huet d'Herrschaftsmodell vun der Tetrarchie agefouert. Sou konnt verhënnert ginn, datt et Sträit tëscht Usurpatore kéim. Dësen hat awer nëmme sou laang Bestand, wéi e gelieft huet. Seng Reformen an der Verwaltung hunn dogéint bis un d'Enn vun der Spéitantiquitéit bestanen.
Traditionell gëtt dem Diokletian seng Regierungszäit als Zesur ugesinn, wou d'Epoch vum Prinzipat ophält an d'Spéitantiquitéit ufänkt.
Commons: Diokletian – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Diokletian, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.