De Pierre Ernest Théodore Stein, genannt Putty Stein (nom Zweete Weltkrich Poutty), gebuer de 16.
Abrëll">16. Abrëll 1888 zu Bierg an der Gemeng Bierg (zanter 1991 Colmer-Bierg), a gestuerwen den 23. Dezember 1955 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Kabarettist a Chansonnier. Hie gouf duerch seng Gedichter a Lidder op Lëtzebuergesch bekannt, déi hien, wéi den Auguste Liesch, an enger zolitter Sprooch geschriwwen huet.
Putty Stein | |
---|---|
Gebuer | 16. Abrëll 1888 |
Gestuerwen | 23. Dezember 1955 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Bekannt Interprete vum Putty Stein senge Wierker waren den Auguste Donnen, de Pierre-Toussaint Stefani, genannt Litty, de Léon Moulin an den Hary Haagen.
De Putty Stein hat no senger Première am Kolléisch e Studium als Forstingenieur zu München gemaach, hat awer keen Ofschlossdiplom an huet vun 1912 un eng Zäit an enger ënneschter Carrière op der Forstverwaltung geschafft. 1920 ass hie bei d'ARBED gewiesselt a war do Attaché de direction. 1953 gouf en aus gesondheetleche Grënn pensionéiert.
En Deel vum Putty Stein sengem literareschen Archiv gëtt am Nationale Literaturzentrum zu Miersch versuergt.
Eng Strooss rue Poutty Stein:
1996 gouf zu Colmer-Bierg am Park e Monument, dat vum Georges Baden geschaaft gouf, zu Éiere vum Putty Stein ageweit.
Commons: Putty Stein – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Putty Stein, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.