De Pervez Musharraf (Urdu: پرویز مشرّف), gebuer den 11.
August">11. August 1943 zu Delhi a gestuerwen de 5. Februar 2023 zu Dubai, war e pakistanesche Generol a Politiker.
Pervez Musharraf | |
---|---|
Funktioun | |
Biographie | |
Gebuer | 11. August 1943 |
Gestuerwen | 5. Februar 2023 |
Educatioun | Royal College of Defence Studies |
Hie war vun 2001 bis zu sengem Récktrëtt 2008 Staatspresident vun der Islamescher Republik Pakistan. Den 12. Oktober 1999 hat hie sech duerch en onbluddege Putsch géint den Nawaz Sharif un d'Spëtzt vun der Regierung gesat.2001 gouf hie formell Staatspresident.
Säin ëmmer méi diktatoresche Regierungsstil - 2007 huet hien den Ausnamezoustand ausgeruff - an den ausserpolitesche Rapprochement un d'Vereenegt Staaten, zanter den Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA hunn dozou gefouert, datt en innepolitesch ëmmer méi ënner Drock geroden ass. Hien huet dräi Attentatsversich op hien iwwerlieft.
De Pervez Musharraf ass am Exil zu Dubai gestuerwen.
Commons: Pervez Musharraf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pervez Musharraf, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.