D'Ostchineesescht Mier ass en Niewemier vum Pazifik a läit tëscht China, Nordkorea, Südkorea, Japan an Taiwan.
Den nërdlechsten Deel, d'Gielt Mier trennt d'koreanesch Hallefinsel vum chineesesche Festland. D'Ostchineesescht Mier breet sech iwwer ronn 1.249.000 km² aus.
Zanter datt an den 1980er Joer bewise konnt ginn, datt ënner dem Mieresbuedem grouss Pëtrols- a Gasfelder ze fanne sinn, behaapt sech d'Volleksrepublik China drop datt d'Gebitt vum Ostchineesesche Mier eng natierlech Verlängerung vum Kontinentalsockel ass an domat der chineesescher Souverainitéit ënnersteet. De Grenzkonflikt mat Japan ëm d'Mier ass zanterhier net op en Enn komm. D'Ostchineesescht Mier ass vu grousser strategescher Bedeitung fir China. Engersäits wéinst sengen natierleche Ressourcen, anerersäits ass d'Mier sou eppes wéi d'Haaptentrée fir d'Pëtrolstanker aus dem Mëttleren Osten a Richtung ostasiatesche Maart.
A China heescht d'Mier Ostmier, a Korea gëtt dogéint vum Südmier geschwat.
Commons: Ostchineesescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ostchineesescht Mier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.