Den Norbert Haupert, gebuer den 2.
Abrëll">2. Abrëll 1940 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV), fréiere Sportler a Sportsfonktionnär.
Norbert Haupert | |
---|---|
Gebuer | 2. Abrëll 1940 Schëffleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Liichtathleet |
Partei | CSV |
Uganks Mee 2018 gouf hie vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zum President vum nei gegrënnte Kierchefong ernannt.
Vun 1987 bis 1989 war hien Direkter vum Lycée technique d'Esch-sur-Alzette. Hie war och Administrateur Général am Ministère des Classes Moyennes et du Tourisme.
Hie war vum 12. August 1999 bis de 7. Oktober 2013 Deputéierten an der Chamber an ass zanter dem 1. Januar 1999 Gemengeconseiller zu Monnerech.
Hie war vun 1973 bis 1979 President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme a vun 1989 bis 1999 President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois. 1999 hat hie seng Demissiounen agereecht, well hien eng politesch Karriär wollt aschloen.
Als aktive Sportler war hien 1961, 1962, 1963, 1966 a 1967 lëtzebuergesche Landesmeeschter op den 800 Meter.
Hien huet 1960 un den Olympesche Spiller zu Roum deelgeholl.
Hie gouf als éischte Liichtathleet 1962 an 1963 zum Sportler vum Joer gewielt.
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Sylvie Hülsemann | 1962 - 1963 | Charles Sowa |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Norbert Haupert, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.