De Pierre Moustapha (Mouss) Diouf, gebuer den 28.
Oktober">28. Oktober 1964 zu Dakar am Senegal a gestuerwen de 7. Juli 2012 zu Marseille, war e franséische Schauspiller a Komiker.
Mouss Diouf | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pierre Diouf |
Gebuer | 28. Oktober 1964 Dakar |
Gestuerwen | 7. Juli 2012 Marseille |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Frankräich, Senegal |
Aktivitéit | Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Hien hat eng Rëtsch Niewerollen a Filmer an an Telefilmer, an ass och a One-Man-Showen opgetrueden (Avant, quand j'étais noir, 2006 an Naturellement humain, 2008). Bekannt war e virun allem fir seng Roll als Inspekter N'Guma an der Televisiounsserie Julie Lescaut tëscht 1992 an 2006.
2009 krut hien op der Bün en Hiereschlag, vun deem e sech net méi erholl huet an un de Follge gestuerwen ass.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mouss Diouf, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.