D'Mondharmonika ass e Blosinstrument aus der Grupp vun den Harmonikainstrumenter.
Mondharmonika | |
---|---|
Eng chromatesch Mondharmonika mat 16 Lächer an eng diatonesch an do. | |
Klassifikatioun | Aerophonen |
Tounëmfank | meeschtens 3 Oktaven |
Änlech Instrumenter | Akkordeon, Shō, Sheng |
Museker | |
Larry Adler, Norton Buffalo, Paul Butterfield, Carlos del Junco, Bob Dylan, Big Walter Horton, Howard Levy, Jason Ricci, Sonny Terry, Toots Thielemans, Little Walter, Sonny Boy Williamson II, Stevie Wonder |
Se fonktionéiert nom selweschte Prinzip wéi den Akkordeon, andeems metalle Lamellen, déi ënnerschiddlech laang sinn, duerch Loft, déi ee mam Mond (duerch Aus- oder Anootmen) duerch déi eenzel Kanäl béist, zum Vibréiere bruecht ginn, an esou hir Téin vu sech ginn.
Mondharmonikae sinn e relatiivt einfacht an deemno bëllegt Instrument, a kënnt zum Beispill an der europäescher Volleksmusek, am Blues (mat der Blues Harp) an an der Old-Time Music zum Asaz - awer sougutt wéi guer net an der klassescher Musek.
Se gouf zanter den 1820er Joren an Däitschland fabrizéiert an huet sech vun do aus doruechter verbreet.
D'Mondharmonika kann iwwer 3 Oktave goen. Et ënnerscheet een dräi grouss Zorten:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mondharmonika, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.