De Maximilien Max Duchscher (Pseudonym: Max von der Syr, M.
v d S.), gebuer de 15. September 1886 zu Wecker, a gestuerwen den 23. September 1956 zu Biwer, war e lëtzebuergeschen Auteur an Industriellen. Hie war den zweeteelste Jong vum André Duchscher aus zweetem Bestietnes.
Max Duchscher | |
---|---|
Pseudonym | Max von der Syr |
Gebuer | 15. September 1886 Wecker |
Gestuerwen | 23. September 1956 Biwer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Industriellen |
Famill | |
Papp | André Duchscher |
Mamm | Catherine Hosp |
Geschwëster | Maurice Duchscher |
No senger Primärschoul déi hien zu Wecker, Gréiwemaacher an Iechternach gemaach huet, ass hien an de Gymnase d'Echternach gaangen, wou hie bis 1909 war. Duerno huet hien zu Darmstadt op der Technescher Héichschoul fir Ingenieur studéiert.
1918 gouf hie mat der Émilie Juliette Paula Schaak bestuet.
1919, nom Doud vu sengem Brudder Maurice Duchscher, huet hien d'Leedung vun der Usine de Wecker iwwerholl.
1946 gouf hien zum President vun der Union Adolphe (zanter 1947 Union Grand-Duc Adolphe) gewielt an ass dat bis zu sengem Doud am Joer 1956 bliwwen.
Hie war Member vun der Section de linguistique, de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Max Duchscher, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.