De Mark Rutte, gebuer de 14.
Februar">14. Februar 1967 zu Den Haag ass en hollännesche Politiker (VVD). Hien ass zanter dem 14. Oktober 2010 Ministerpresident (Premierminister) vun Holland.
Mark Rutte | |
---|---|
Gebuer | 14. Februar 1967 Den Haag |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun | Universitéit vu Leiden |
Aktivitéit | Politiker, Historiker, Enseignant |
No sengem Geschichtsstudium zu Leyden huet de Mark Rutte bei Unilever geschafft, wou e Gestionnaire a méi spéit Direkter vum Personalservice war. 2002 gouf hie Staatssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung an der éischter Regierung vum Jan Peter Balkenende. 2003, no virgezunnen Neiwalen, huet hien déi selwecht Funktioun behalen, gouf dann awer 2004 Staatssekretär fir Beruffsausbildung an Héichschoulen. 2006 gouf hien zum politesche Chef vu senger Partei, der rietsliberaler VVD, gewielt a gouf kuerz duerno, nodeem en d'Regierung verlooss hat, hire Fraktiounschef an der Zweeter Chamber.
2006 gouf et nees fréizäiteg Neiwalen, an d'VVD koum an d'Oppositioun. Bei de Parlamentswale vun 2010 huet d'VVD, där hire Spëtzekandidat de Rutte war, Campagne mat den Theemen 'Erofsetze vun der Staatsschold' a 'méi streng Immigratiounsreegele' gemaach a gouf déi stäerkst Partei.
Véier Méint no de Wale koum et zu enger Koalitiounsregierung mat der chrëschtlech-sozialer Partei CDA, déi awer keng Majoritéit am Parlament hat an op d'Ënnerstëtzung vum Geert Wilders senger PVV ugewise war. Am Abrëll 2012 huet d'PVV hir Ënnerstëtzung wéinst Meenungsverschiddenheeten zu Spuermoossname beim Staatsbudget refuséiert, an dem Rutte seng Regierung huet missen hire Récktrëtt ubidden.
Bei de virgezunnen Neiwalen am September 2012 krut dem Rutte seng VVD déi meescht Stëmmen, zweetstäerkst Partei war d'Partij van de Arbeid. De 5. November 2012 koum et zu enger Regierung vun enger grousser Koalitioun tëscht deenen zwou Parteien, de Rutte gouf nees Ministerpresident.
Commons: Mark Rutte – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mark Rutte, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.