D'Many Arnold-Leurs, gebuer als Madeleine Susanne Catherine Leurs de 5.
Mäerz">5. Mäerz 1920 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 29. Dezember 2013, war eng lëtzebuergesch Molerin.
Many Arnold-Leurs | |
---|---|
Gebuertsnumm | Madeleine Susanne Catherine Leurs |
Gebuer | 5. Mäerz 1920 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 29. Dezember 2013 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Georges Arnold |
D'Many Leurs war eng Duechter vum Schlässer August Leurs a vun der Susanne Müller. Hir kënschtleresch Ausbildung krut si an enger Rei Atelieren an der Stad an huet e Cours an der Académie de la Grande Chaumière zu Paräis gemaach. D'Many Leurs war mam Dokter Georges Arnold (1920-2018) bestuet, mat deem si zwee Meedercher hat.
D'Many Leurs huet expressionistesch Blummenarrangementer gemoolt, vun 1960 un huet si ugefaange méi abstrakt ze schaffen an huet ënner anerem Landschafte gemoolt. Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg an huet vun 1956 un am Cercle sengen alljärleche Salonen ausgestallt.
D'Many Arnold-Leurs ass am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Many Arnold-Leurs, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.