D'Maggy Masselter, 1942 zu Rëmeleng gebuer, ass eng lëtzebuergesch Nonn, Molerin a Sculptrice.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Maggy Masselter | |
---|---|
Gebuer | 1942 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
No hirem Studium am Institut pédagogique zu Walfer ass d'Maggy Masselter vun 1967 bis 1972 zu Nanzeg op d'École des beaux-arts de Nancy (haut École nationale supérieure d'art de Nancy) gaangen an ass an d'Kongegratioun vun der Doctrine chrétienne agetrueden. Bis zu hirer Pensioun huet si als Formatrice am PRH Formation Développement a Frankräich geschafft.
Hir Wierker, dacks mat engem déiwe reliéisen Hannergrond, ginn zanter 1972 a Frankräich an zu Lëtzebuerg ausgestallt.
D'Maggy Masselter lieft a schafft zu Marguerittes am Departement Gard.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Maggy Masselter, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.