D'Magdalena Andersson, gebuer den 23.
Januar">23. Januar 1967 zu Uppsala, ass eng schweedesch Politikerin (Sveriges socialdemokratiska arbetareparti; SAP).
Magdalena Andersson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eva Magdalena Andersson |
Gebuer | 23. Januar 1967 Vaksala församling |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Katedralskolan, Harvard Universitéit, Institut für Höhere Studien |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | SAP |
Famill | |
Bestuet mat | Richard Friberg |
Papp | Göran Andersson |
Si gouf den 29. November 2021 als nei Ministerpresidentin an hirem Land gewielt; deen Dag drop gouf hir Minoritéitsregierung vereedegt. No de Parlamentswalen, bei där d'oppositionnell Rietskoalitioun eng Grëtz méi Stëmme krut wéi hir eegen, ass si de 15. September 2022 zeréckgetrueden.
Si war schonn eng Kéier, de 24. November 2021 als éischt schweedesch Ministerpresidentin gewielt ginn; huet awer nach de selwechten Dag, nach ier se vereedegt gouf, demissionéiert, well hir Koalitioun net gehalen hat.
D'Andersson ass ausserdeem zanter dem 4. November 2021 Presidentin vun der sozialdemokratescher Sveriges socialdemokratiska arbetareparti.Virdru war si vun 2014 bis 2021 Finanzministesch vu Schweden.
2014 gouf si fir d'éischt an d'schweedescht Parlament gewielt.
Commons: Magdalena Andersson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Magdalena Andersson, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.