D'Lorine Zineb Nora Talhaoui, gebuer de 16.
Oktober">16. Oktober 1983 zu Stockholm, ass eng schweedesch Sängerin mat marokkanesch-berbereschen Originnen, déi ënner dem Kënschtlernumm Loreen optrëtt.
Loreen | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lorine Zineb Nora Talhaoui |
Gebuer | 16. Oktober 1983 |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Sänger, Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher |
Si ass d'Duechter vu marokkaneschen Elteren an ass zu Västerås a Südschweden opgewuess.
2004 ass si duerch hir Participatioun un der Castingshow Idol bekannt ginn, bei där si ënner dem Numm Lorén Talhaoui op déi véiert Plaz koum. No der Sendung huet si d'Lidd The Snake verëffentlecht. Si huet dunn als Fernseemoderatorin geschafft an et blouf roueg ëm si als Sängerin.
2011 huet si beim Melodifestivalen deelgeholl, der schweedescher Virentscheedung fir de Grand Prix Eurovision. Si huet et awer mat hirem Lidd My Heart Is Refusing Me net gepackt, an ass ausgescheet.
2012 huet si nach eng Kéier beim Melodifestivalen matgemaach a konnt sech mat hirem Lidd Euphoria fir d'Participatioun beim Eurovision Song Contest zu Baku duerchsetzen. An der zweeter Halleffinall vum Grand Prix huet si d'éischt Plaz gewonnen, an de 26. Mee 2012 an der Finall huet si dunn de Grand Prix fir Schwede mat 372 Punkte gewonnen.
2023 huet si nees beim Melodifestivalen matgemaach a konnt sech mat hirem Lidd Tattoo fir d'Participatioun beim Eurovision Song Contest zu Liverpool duerchsetzen. An der éischter Halleffinall huet si déi zweet Plaz gewonnen, an den 13. Mee 2023 an der Finall huet si dunn de Grand Prix fir Schwede mat 583 Punkte viru Finnland an Israel gewonnen.
Commons: Loreen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Loreen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.