Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007 war den Numm ënnert deem d'Stad Lëtzebuerg an d'Groussregioun 2007 europäesch Kulturhaaptstad waren.
Schonn 1995 hat Lëtzebuerg deen Titel. Fir 2007 huet d'Lëtzebuerger Regierung der Europäescher Kommissioun virgeschloen, dat Evenement zesumme mat der Groussregioun auszeféieren. Dat war fir d'éischt Kéier zanter datt d'Kulturhaaptstad 1985 vun der griichescher Sängerin, Komödiantin a Politikerin Melina Mercouri agefouert gouf, datt d'Kulturhaaptstad eng Regioun war an net nëmmen eng eenzel Stad. 2007 hate Lëtzebuerg an d'Groussregioun den Titel vun der europäescher Kulturhaaptstad gläichzäiteg mat der rumänescher Stad Sibiu.
Fir d'Evenement ze organiséiere gouf den 29. September 2003 eng ASBL gegrënnt. De 16. Oktober gouf de Robert Garcia, Journalist an Deputéierten, als "Generalkoordinator" gewielt. Am Dezember gouf den offizielle Konzept der Press virgestallt ginn an am Abrëll 2004 war d'Treffe mat der Jury zu Bréissel. An enger Pressekonferenz de 27. Abrëll gouf den Accord vun der Jury matgedeelt, an de 27. Mee 2004 huet dunn de Ministerrot zu Bréissel schlussendlech decidéiert, déi Lëtzebuerger Kandidatur an déi vu Sibiu fir d'Kulturhaaptstad 2007 definitiv unzehuelen.
Zur Groussregioun zielen d'Saarland, Rheinland-Pfalz, Loutrengen, déi franséischsproocheg an déi däitschsproocheg Communautéit aus der wallounescher Belsch. Si ëmfaasst eng Fläch vu 65.000 km² an hat du ronn 11,2 Milliounen Awunner, oder ongeféier 2,5 % vun der Gesamtpopulatioun vun der EU. D'Originalitéit vum Virschlag bestoung doran, 5 Regiounen aus 4 verschiddene Länner z'associéieren a sou och verschiddesproocheg Leit zesummenzebréngen. Trotzdeem hat d'Jury (déi zou der Europäescher Kommissioun gehéiert) an hirer Versammlung vum 14 Mäerz 2003 gezéckt der Propositioun zouzestëmmen. D'Press hat dunn och relativ séier Informatioune publizéiert déi der lëtzebuergescher Delegatioun no net genuch dokumentéiert an onkomplett waren. D'Delegatioun huet doropshin e komplette Rapport ausgeschafft. Bei de Versammlungen, an deenen iwwer d'Organisatioun diskutéiert ginn ass, war och den "Institut européen des itinéraires culturels" dobäi.
D'Groussregioun gesäit sech wéi eng Zort "europäesche Laboratoire", deen e Reseau entwéckelt fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht den eenzele kulturellen Institutiounen aus deene verschiddene Länner. Ronderëm dëst gemeinsaamt Objektiv hat all Land sech och nach en eegent Theema erausgesicht:
D'Erëffnungszeremonie war den 9. Dezember 2006.
Am ganze goufe 550 Projeten ëmgesat, dovun 140 déi grenziwwergräifend waren, an 3.000 Eenzelmanifestatiounen un deenen iwwer 3,3 Millioune Leit deelgeholl hunn. Duerch d'Kulturhaaptstad goufen am Joer 2007 7% méi Iwwernuechtungen zu Lëtzebuergfestgestallt.
2022 war et erëm un der Lëtzebuerger Regierung fir eng Kulturhaaptstad ze sichen. Dat Joer krut d'Stad Esch-Uelzecht deen Titel an huet d'Evenement zesumme mat 10 lëtzebuergesche Gemengen aus dem Pro-Sud-Syndikat an aacht franséische Gemengen aus der Communauté de Communes Pays Haut Val d'Alzette ausgeriicht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Esch 2022.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.