D'Melina Mercouri, gebuer als Maria Amalia Merkouri den 18.
Oktober">18. Oktober 1920 zu Athen a gestuerwen de 6. Mäerz 1994 zu New York, war eng griichesch Schauspillerin, Sängerin a Politikerin.
Melina Mercouri | |
---|---|
Gebuertsnumm | Αμαλία Μαρία Μερκούρη, Amalía María Merkoúri |
Gebuer | 18. Oktober 1920 Athen |
Gestuerwen | 6. Mäerz 1994 |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Kinnekräich Griicheland, Griicheland |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger, Politiker, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Partei | PASOK |
Famill | |
Bestuet mat | Jules Dassin |
Papp | Stamatis Mercouris |
1955 huet si de Filmregisseur Jules Dassin kenne geléiert, mat dem si sech 1966 bestuet huet a mat him bis zu hirem Doud zesumme war.
Ënner der Regie vum Michalis Kakogiannis huet si hir éischt Roll am Film Stella (1955) kritt. International bekannt gouf si duerch de Film Pote tin kyriaki oder op Englesch Never on Sunday (1960) vum Jules Dassin.
Wärend der Griichescher Militärdiktatur vun 1967 bis 1974 huet d'Melina Mercouri a Frankräich am Exil gelieft. Am Oktober 1981 huet de griichesche Ministerpresident Andreas Papandreou si als Kulturministesch a seng Regierung geholl.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Melina Mercouri, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.