D'Conservative Party (offiziell Conservative and Unionist Party, och nach Tories genannt) ass eng politesch Partei a Groussbritannien.
Logo | |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1834 |
Ideologie: | Konservatismus Wirtschaftsliberalismus Zesummenhalt vun der Unioun Euroskeptizismus |
Memberen: | 149.800 (2015) |
Europäesch Affiliatioun: | Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten |
Websäit: | www.conservatives.com |
Si ass zënter de Walen 2015 mat 330 Sëtz d'Majoritéitspartei am brittesche Parlament.
D'Originne vun der Konservativer Partei ginn zeréck op d'Tories, engem Grupp vun engleschen Aristokraten aus dem 17. Joerhonnert. Traditionell vertrëtt si am Allgemenge konservativ Standpunkten. Traditionell geographesch Schwéierpunkte vun der Konservativer Partei leien an de ländleche Regioune vun England. Party Leader ass den David Cameron, deen am House of Commons den englesche Walkrees Witney (Oxfordshire) vertrëtt.
Commons: Conservative Party (Groussbritannien) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Conservative Party (Vereenegt Kinnekräich), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.