D'Kar(e)lsbréck (Tschechesch : Karlův most) ass eng Bréck aus dem 14.
Joerhonnert an der tschechescher Haaptstad Prag, déi d'Quartieren Staré Město ("Alstad") a Malá Strana ("Kleng Säit") verbënnt. Bis 1741 war et déi eenzeg Bréck iwwer d'Vltava (Moldau) zu Prag.
vun Osten aus | |
Geographie | |
---|---|
Land | Tschechien |
Plaz | Prag |
Koordinaten | 50° 05’ 11.20’’ N 14° 24’ 42.68’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Foussgängerbréck |
Féiert iwwer | Vltava |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 515,75 |
Felder/Béi | 16 Béi |
Breet | 10 |
Material | Steng |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1380 |
Architekt(en) Konzeptioun | Oto (Peter Parler) |
Den Numm ass eréischt zanter dem 19. Joerhonnert geleefeg (virdrun housch se "Stenge Bréck") a bezitt sech op de béimesche Kinnek an däitsche Keeser Karel IV., ënnert deem d'Bréck gebaut gouf.
Der Traditioun no wier de Peter Parler den Architekt vun der Bréck gewiescht, ma 2007 koum eraus, datt et e gewëssen Oto war, an de Parler se just fäerdegbaue gelooss huet.
De Grondstee gouf 1357 geluecht, 1380 war se fäerdeg. Si ersetzt d'Judith-Bréck, déi kuerz virdrun duerch en Héichwaassser ewechgerappt gi war. Virbild war d'Steinerne Brücke zu Regensburg. Op hiren zwee Enner ass d'Karelsbréck duerch en Tuerm geschützt. Der Legend no hunn d'Baueren aus der Ëmgéigend Tonne vun Eeër erbäitransportéiert, fir dës an d'Speis ze verréieren, fir dass d'Bréck besonnesch stabil sollt ginn.
Am Laf vum 17. an 18. Joerhonnert, tëscht 1683 a 1714 gouf d'Bréck, nom Modell vun der Engelsbréck zu Roum, mat am Ganzen 30 stenge Statue gerëscht, déi nach haut do stinn (verschiddener goufen duerch Kopien ersat). Ënnert hinnen ass déi vum Bommenzinnes, dem hellegen Nepomuk, dee vun do 1393 an d'Vltava gehäit gi war, well en dem Wenzel IV. net wollt verroden, wat seng Fra him gebeicht hat. Déi meescht si vun de Barock-Sculpteure Jan Brokoff a sengem Jong Ferdinand Maximilian Brokoff, an dem Matthias Bernhard Braun.
Südsäit, vun der Alstad op d'Malá Strana:
Nordsäit, vun der Alstad op d'Malá Strana:
Commons: Karelsbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Karelsbréck, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.