Juegdsyndikat

D'Juegdsyndikat vun engem Juegdlous sinn d'Proprietäre vun allen net bebauten an net zeréckgezunnenen Terrainen op deenen Juegd erlaabt ass.

Et besteet aus zwee Organer: d'Generalversammlung an dem Collège des syndics.

D'Generalversammlung

Si gëtt duerch Publikatioun an zwou Dageszeitungen all néng Joer vum Collège des syndics aberuff. Wann de Collège des syndics, wéinst Demissioun oder Doud, aus manner wéi dräi Leit besteet muss se virum Oflaf vun den néng Joer organiséiert ginn.

Si wielt duerch ee geheime Vott, fir néng Juegdjoren, d'Membere vum Collège des syndics a si decidéiert op d'Lous nei versteet gëtt oder op den aktuelle Piechter et ënnert de selwechten oder neie Konditioune behält. De Bail däerf nëmmen eng Kéier verlängert ginn, sou datt d'Lous spéitstens no 18 Joer erëm iwwergeet.

All Proprietär huet nëmmen eng Stëmm, egal wéi grouss seng Terraine sinn.

Nëmme Proprietären däerfe sech opsetze fir Member am Collège des syndics ze ginn.

Wa sech net genuch Léit fir an de Collège des syndics mellen, ginn déi déi feele vum Ëmweltministère ernannt .

De Collège des syndics

Dee besteet aus dräi effektive Memberen an dräi Ersatzmemberen, déi vun der Generalversammlung gestëmmt ginn an déi net bezuelt ginn.

De Collège des syndics wielt aus den dräi effektive Memberen de President an ernennt duerch ee geheime Vott e Sekretär-Tresorier deen net Member vum Collège des syndics oder Proprietär am Lous muss sinn. De Sekretär kann och fir aner Juegdlouse schaffen.[Source?]

Wann d'Generalversammlung decidéiert huet, datt Lous versteet gëtt, dann organiséiert den Collège des syndics d'Stee. Am anere Fall negociéiert hie mam ale Piechter een neie Kontrakt ënnert de Konditiounen déi vun der Generalversammlung festgesat goufen. Wa kee Accord mam ale Piechter zustane kënnt, da gëtt d'Lous awer versteet.

De Collège des syndics geréiert d'Syndikat; hien

  • këmmert sech ëm d'Entschiedege vum Wëldschued
  • ass fir d'Relatioun mat der Natur- a Bëschverwaltung zoustänneg
  • zitt de Juegdpacht an, a verdeelt en un d'Proprietären
  • decidéiert d'Héicht vum Sekretär-Tresorier senger Indemnitéit a bezilt se

De President vum Collège des syndics vertrëtt de Syndikat viru Geriicht.

No der Demissioun oder dem Doud vun engem effektiven Member, réckelt deen Ersatzmember mat de mëschte Stëmmen no.

De Sekretär-Tresorier

  • mécht all Schreifaarbecht vum Collège des syndics
  • schreift d'Rapporte vun de Sëtzungen
  • assistéiert dem Collège des syndics bei de Prozedure fir de Wëldschued ze bestëmmen
  • stellt op wéi vill Juegdgeld all Proprietär kritt a mécht d'Schlussofrechnung

Eng ganz Partie vun den Demarchen kann um Guichet.lu gemaach ginn.

D'Syndikatskeess

Déi Keess gëtt mat enger Tax vu 15 Prozent, déi op de Juegdpacht dropgeschloe gëtt an déi all Juegdjoer vum Piechter ze bezuelen ass, gefëllt.

Aus där Kees gëtt bezuelt:

  • d'Pai vum Sekretär-Tresorier, déi maximal aacht Prozent vum Juegdpacht ausmaachen däerf
  • all Onkäschten, déi de Collège des syndics ze bezuelen huet, wéi zum Beispill d'Büroskäschten, d'Bankfraisen oder d'Annoncen an de Zeitungen
  • een Zéngtel vum Wëldschued vum Hirsch a vum Wëllschwäin

Wann um Enn vum Juegdjoer nach eppes an der Keess ass, dat gëtt dat mat dem Juegdgeld un d'Proprietären, déi Member am Juegdsyndikat sinn, verdeelt.

Federatioun vun de Juegdsyndikater

Den 21.04.2009 ass d'Fédération des syndicats de chasse du Luxembourg ASBL zu Mäerzeg gegrënnt ginn, mam Zil:

  • d'Interesse vun de Memberen ze verdeedegen
  • de Sproochrouer vis-à-vis vum Staat ze sinn
  • vun der Organisatioun an der Bedeelegung u Veranstaltungen déi am Interessi vun de Syndikater sinn.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

Tags:

Juegdsyndikat DGeneralversammlungJuegdsyndikat De Collège des syndicsJuegdsyndikat DSyndikatskeessJuegdsyndikat Federatioun vun de erJuegdsyndikat Um SpaweckJuegdsyndikatJuegd zu LëtzebuergZeréckgezunnenen Terrain

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Laurent MoyseSowjetuniounIndonesienLionel MessiCFL 3600Jean-Pierre KoenigTun TonnarGemeng MonnerechRepublican Party (USA)BuddhismusDe FeierwonFoussgängerbréck an der Avenue Kennedy2011Gemeng VeianenGaasperechNHeintz Van LandewyckHandelsregësterFoussgängerbréck beim MudamStéphanie WeydertTrauliicht (Brauch)LLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergGérard ValeriusStater TramSimbabweLübeckMarc PierrardPortal Lëtzebuerg/Neist Artikelen/Archiv 2024AusterechampignonKosmesch StralungDanielle WagnerSéisselLydie PolferMarc DostertCorinna HarfouchChicagoGoldfingerClaude RederPol LeursGaston ThornNivellement général du LuxembourgLëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestZentralasienFrankie AvalonTansaniaMyriam Spiteri DebonoCras-sur-ReyssouzeApple Inc.Hypertext Markup LanguageJhemp HoscheitHelperknappRiedelenJéinesch2006ZäitzonEschduerfCharles SubervilleBundesstaat vun den USAHelsemKapitalismusFernand MertensPôle Nord (Stad Lëtzebuerg)HoergänsRéimechClaude WeyIrlandCristiano RonaldoMobil ApplikatiounMarie HeinzNicoolWaldbëlleger AffärHotel Cloche d'Or🡆 More