De Joseph Herr, gebuer de 14.
Juli">14. Juli 1910 zu Klierf, gestuerwen de 6. Dezember 1989, war e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker an Historiker.
Joseph Herr | |
---|---|
Pseudonym | Jos Herr |
Gebuer | 14. Juli 1910 Klierf |
Gestuerwen | 6. Dezember 1989 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Historiker |
No sengem Droitsstudium huet de Jos Herr sech zu Dikrech als Affekot etabléiert. Vun 1952 u war hie gemengepolitesch aktiv; hie war zweemol Schäffen a Buergermeeschter vun 1957 bis 1963. Hie war awer och um nationalen an internationale Plang politesch aktiv: Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber vun 1954 bis 1968 a vun 1971 bis 1974, Europadeputéierte vun 1959 bis 1968.
Als Lokalhistoriker huet de Jos Herr sech mat der Geschicht vun Dikrech beschäftegt an als Archeolog eng bedeitend Sammlung vu prehistoreschen Artefakten aus der Dikrecher Géigend zesummegedroen, déi haut an dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht konservéiert gëtt. Hie war Grënnungsmember vun der Société préhistorique luxembourgeoise.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joseph Herr, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.