De Johann Friedrich Julius Schmidt (meeschtens kuerz J.
F. Julius Schmidt oder Julius Schmidt), gebuer de 26. Oktober 1825 zu Eutin a gestuerwen de 7. Februar 1884 zu Athen a Griicheland war en däitschen Astronom a Geolog.
Johann Friedrich Julius Schmidt | |
---|---|
Gebuer | 26. Oktober 1825 |
Gestuerwen | 7. Februar 1884 Athen |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Hien hat eng vollstänneg Moundkaart gemaach a publizéiert. Et war déi geneest Kaart, déi am 19. Joerhonnert verfaasst gouf. Weider war säin Intressi op de Gebidder vum Zodiakalliicht, de Verännerleche Stären, de Koméiten an de Meteoren.
Als Geolog huet sech de Schmidt mam Vulkanismus, dem Äerdbiewen a mat der Geographie vu Griicheland beschäftegt.
De Johann Friedrich Julius Schmidt gouf 1825 zu Eutin als Jong vun engem Glasmécher gebuer. Schonn als Student huet hie sech fir astronomesch Theemen intresséiert, woubäi och säin Talent fir ze zeechnen opgefall ass. Duerch Vermëttlung vum Christoph Friedrich Hellwag konnt hien op d'Eutiner Héichschoul goen, wou hien Zougank zu engem Teleskop kritt hat.
Wärend senger Kolléischszäit huet hie bei Famill zu Hamburg gewunnt. Do koum hie mat 14 Joer an de Besëtz vum Buch Selenotopographische Fragmente vum Johann Hieronymus Schröter. Dat huet säin Interessi um Äerdmound aktivéiert. Hie konnt säi Wëssen zousätzlech am Observatoire Altona verdéiwen. Hie krut och do Zougank zu der Moundkaart déi vum Wilhelm Beer a vum Johann Heinrich Mädler verfaasst gi war.
Hien hat seng Schoul virum Abitur ofgebrach an zanter 1842 um Observatoire Hamburg am Millerntor beim Karl Rümker geschafft. Do huet hien d'Grondlage vun der Astronomie kennegeléiert, huet en neie Koméit entdeckt a seng Bunn berechent, wourop hin d'Fachwelt op hien opmierksam gouf.
1845 gouf hien Assistent beim Johann Friedrich Benzenberg um Observatoire Düsseldorf zu Bilk no bei Düsseldorf.
Nom Doud vum Johann Friedrich Benzenberg ass de Schmidt 1846 op den Observatoire Bonn bei de Friedrich Wilhelm August Argelander gewiesselt. Hei gouf do 1844 Member vun der Burschenschaft Fridericia Bonn. a war 1845 Matgrënner vun der Bonner Burschenschaft Frankonia.
1853 gouf hien Direkter vum privaten Observatoire vum Propst Ritter Eduard von Unkrechtsberg zu Olmütz a Mieren. Duerch seng Aarbechten huet hien dem Gustav Tschermak säin Intressi fir d'Geologie staark beaflosst.
1858 krut hien d'Direkteschplaz um Observatoire zu Athen, finanzéiert vum griichesche Banquier Simon von Sina. De Schmidt ass bis zu sengem Liewensenn zu Athen bliwwen. Do huet hie méi wéi 70.000 Observatioune vu verännerleche Stäre gemaach, huet Koméiten a Meteore studéiert an huet zwou Supernovaen entdeckt.
Bei sengen Observatiounen hat hien 1866 – anscheinend – festgestallt, datt de Moundkrater Linné verschwonne wier. De Bericht iwwer déi Entdeckung hat zu enger intensiver Moundfuerschung gefouert, well dat ë. a. als Indiz fir eng geologesch Aktivitéit vum Mound gesi gouf. Doriwwer gouf bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert diskutéiert; spéider gouf déi falsch Observatioun op d'Opléisungsgrenz vun den deemolegen Teleskopen zeréckgefouert.
Am Joer 1868 gouf hien Éierendokter vun der Universitéit Bonn.
De Johann Friedrich Julius Schmidt ass 1884 gestuerwen.
Commons: Johann Friedrich Julius Schmidt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Johann Friedrich Julius Schmidt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.