De Georges Penning, gebuer de 27.
September">27. September 1937 zu Bierchem, a gestuerwen den 8. September 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Ekonomist an Enseignant.
Georges Penning | |
---|---|
Gebuer | 27. September 1937 Bierchem |
Gestuerwen | 8. September 2002 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist, Enseignant, Schrëftsteller |
De Georges Penning huet vun 1957 bis 1963 zu Lausanne Economie studéiert. Dono huet hien an der Schwäiz a Lycéeën enseignéiert an d' École moderne de Sion mat gegrënnt. 1975 koum hien nees op Lëtzebuerg, wou e bis zu senger Pensioun Enseignant fir Economie am Collège d'enseignement moyen, dem spéidere Lycée technique Michel Lucius, an am Stater Jongelycée war.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Georges Penning, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.