Den Elmer Bernstein, gebuer de 4.
Abrëll">4. Abrëll 1922 zu New York a gestuerwen den 18. August 2004 zu Ojai a Kalifornien war een US-amerikanesche Filmmusekkomponist.
Elmer Bernstein | |
---|---|
Gebuer | 4. Abrëll 1922 New York |
Gestuerwen | 18. August 2004 Ojai |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Juilliard School, New York University |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Musekspedagog, Moler, Schauspiller, Enseignant, Pianist, Dänzer, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Discographesche Kënschtler |
Den Elmer Bernstein huet als Komponist vu Radio-Programmer an Dokumentarfilmer ugefaangen. 1950 ass hien op Hollywood gaangen an huet do Filmmusek geschriwwen.
Am Ganzen huet hien iwwer 200 Stécker geschriwwen. Seng bekanntst Kompositioun dierft d'Titelmelodie vum Western The Magnificent Seven sinn, déi ë. a. och jorelaang an Zigarettereklamme aus den 1970er Joren agesat gouf, fir de Western-Mythos z'ënnermolen.
Hie gouf 14-mol fir den Oscar nominéiert. Hie krut déi Belounung awer nëmmen eng Kéier, dat war 1967 fir de Musical Thoroughly Modern Millie.
Mat engem Concert an der Londoner Royal Albert Hall huet en de 14. August 2001 seng 50 Joer als Filmmusekkomponist gefeiert.
Hie war net Famill mam Leonard Bernstein.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Elmer Bernstein, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.