D'Colette Mart, gebuer de 27.
Abrëll">27. Abrëll 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Journalistin, DP-Politikerin a Schrëftstellerin.
Colette Mart | |
---|---|
Gebuer | 27. Abrëll 1955 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schrëftsteller |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Papp | René Mart |
No der Première am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht, huet si Journalismus a Kommunikatiounswëssenschaft op der Université libre de Bruxelles studéiert. Si huet duerno um Institut des études européennes hir Studie weidergefouert.
Zanter 1979 schafft si als Journalistin. Si huet am Ufank zu Bréissel an duerno fir d'Heidelberger Tageblatt an d'Rhein-Neckar-Zeitung zu Heidelberg geschafft. 1984 ass si op Lëtzebuerg zeréckkomm a war do als fräi Journalistin fir d'Dageszeitung Le Républicain Lorrain aktiv. Zanter 1999 ass si Journalistin an der Redaktioun vun der Dageszeitung Lëtzebuerger Journal.
D'Colette Mart war vun 2003 bis 2006 Presidentin vum Conseil national du livre, a vun 2004 bis 2013 vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).
Si ass zanter 1999 Conseiller am Gemengerot vun der Gemeng Lëtzebuerg, a war do 2011 bis 2017 Schäffin.
D'Colette Mart ass d'Duechter vum liberale Politiker René Mart (1925-1990).
Si krut 2011 en internationale Literaturpräis fir dichteresch Exzellenz an 2010 e Journalistepräis vun der Lëtzebuerger Regierung am Kader vum Europäesche Joer géint Aarmut an Ausgrenzung.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Colette Mart, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.