Elle ne pleure pas, elle chante ass e Spillfilm aus dem Joer 2011 vum belsche Regisseur Philippe Pierpont.
Et ass eng belsch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun, déi den 29. Juni 2011 hir Première zu Bréissel hat.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Belsch Lëtzebuerg Frankräich |
Produktiounsjoer | 2011 |
Première | 2011 |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Philippe de Pierpont |
Dréibuch | Philippe Pierpont nom Roman vum Amélie Sarn |
Fotografie | Alain Marcoen |
Produktiouns- gesellschaft | Iota Productions Tarantula Perspective Films Serendipity Films |
Schauspiller | |
Erika Sainte als Laura Jules Werner als Rémi Marijke Pinoy als Mamme Jean-François Wolff als Papp Vicky Krieps als Infirmière Laurent Capelluto als Jérôme Martin de Myttenaere als Jan Galatea Bellugi als Louise Hervé Piron als Luc | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
D'Laura, eng jonk Fra, gëtt gewuer, datt hire Papp en Autosaccident hat an am Koma läit. U sengem Spidolsbett kënnt et an d'"Gespréich" mat him, an Theemen, iwwer déi et soss net schwätze konnt, kommen un d'Dagesliicht...
D'Geschicht existéiert ënner deem selwechtent Titel och als Comic, deen 2004 vum Éric Corbeyran erzielt a vum Thierry Murat gezeechent gouf.
D'Erika Sainte gouf fir hir Roll als Laura mam Magritte du cinéma als beschten Nowuessschauspillerin ausgezeechent.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Elle ne pleure pas, elle chante, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.