Elektrochimie

D'Elektrochimie ass en Deelgebitt vun der Chimie dat cheemesch Reaktiounen ënnersicht déi a Verbindung mat elektresche Virgäng stinn, also bei deenen entweeder Stroum produzéiert gëtt, oder verbraucht gëtt.

Elektrochimie Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dobäi ass ze bemierken, datt de Stroum, also d'Beweegung vun Elektronen, net onbedéngt duerch en elektresche Leeder muss fléissen, mä och direkt zwëscht deene verschiddene Reaktiounspartnere ka fléissen. Am zweete Fall schwätzt en da vun engem Kuerzschluss.

E gutt Beispill fir dat z'illustréieren ass d'Daniell-Element:

An engem Gefääss sinn eng Kofferléisung an eng Zénkléisung raimlech duerch eng hallefduerchlässeg Membran getrennt déi nëmme bestëmmt Ionen duerchléisst, z. B. SO42-, mä keng d'Metallionen Zn2+ an Cu2+. Den Zweck vun där Membran ass et, dee ganze System elektresch neutral ze halen.

An d'Kofferléisung kann elo eng Kofferelektrod an an d'Zénkléisung eng Zénkelektrod gezappt ginn. Wann déi zwou Elektrode mat engem elektresche Leeder verbonne ginn, kënnen an deene betraffene Kompartimenter follgend Reaktiounen oflafen:

  • Oxidation: Zn → Zn2+ + 2e-
  • Reduktion: Cu2+ + 2e- → Cu
  • Gesamtreaktion (Redox-Reaktion): Cu2+ + Zn → Cu + Zn2+

Dat heescht den Zénk léist sech mat der Zäit op, wärend d'Kofferelektrod ëmmer méi déck gëtt. Duerch déi Reaktioun gëtt de Stroum produzéiert. Déi selwecht Reaktioun kann een och maachen andeems een e Stéck Zénk direkt an eng Kofferléisung leet. Op dem Zénk bilt sech dann eng Kofferschicht. D'Reaktioun hält dann op, wann den Zénk net méi kann opgeléist ginn. Da kënne keng Elektrone méi fräigesat ginn, déi gebraucht gi fir de Koffer vum ioneschen Zoustand an de metalleschen Zoustand z'iwwerdroen. Et schwätzt een da vun enger transportgehemmter Reaktioun. E weideren Ënnerscheed ass och, datt mir elo kee Stroum kënnen ofzapen, well d'Elektrone jo direkt tëscht deenen zwéi Reaktiounspartnere kënne fléissen.

Grouss Fuerschungsgebidder an der Elektrochimie sinn:

Um Spaweck

Commons: Electrochemistry – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

ChimieElektron

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Gemeng DikrechDe Läb2005Antoine MeyerJ2000.0Willy AllamanoPseudologieLou LinsterJubalDoudesstrof zu LëtzebuergEurovision Song ContestPasserelle des ArtsFläschLëscht vun den Herrscher vu LëtzebuergBernard FeltenStëbssuckelerAl Kierch DikrechJoseph DaleidenLycée ErmesindeMarcel ReulandMelusina6. NovemberUma Thurman2009RiedelenKelvinRotatiounsachsDoudesstrofDenis DiderotFred BerendDäitschlandISSNSonnesystemThéo PéportéD'Maus KettiRTL Télé LëtzebuergMax Wrottesley1994NigeriaJean HussByteSonchusSuperjhempITunesSchick deine Frau nicht nach ItalienWebbrowserNic FelgenHabschtLëtzebuerger Filmpräis 2016Alexandra vu Lëtzebuerg1799Nico ReisdorffKalifornienHeinrich von Kleist1920Gemeng PéitengWaldbëlleger AffärInklinatioun (Astronomie)Maria StuartWollefCreative CommonsJapanPol LeursDëschtelen (Cirsium)JazzKnuedlerSchëld E, 22eRuanda🡆 More