David Fiegen

Den David Fiegen, gebuer den 3.

David Fiegen Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

September">3. September 1984 zu Esch-Uelzecht, ass e fréiere lëtzebuergesche Liichtathleet vum C.A. Fola. Als Mëttelstreckeleefer ass hien haaptsächlech d'800 Meter gelaf; méi rar d'1000 an d'1500 Meter.

David Fiegen
Gebuer 3. September 1984
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mëttelstreckeleefer
Kompetitiounsklass 800-Meter-Laf
David Fiegen

Dem David Fiegen säi gréissten Erfolleg ass den Titel vum Vize-Europameeschter 2006 zu Göteborg am 800-Meter-Laf, hannert dem Hollänner Bram Som. Nom Josy Barthel senger Goldmedail iwwer 1500 m 54 Joer virdrun op den Olympesche Spiller zu Helsinki ass dat déi bescht Leeschtung vun engem Lëtzebuerger Liichtathleet. Et ass och déi éischt a bis haut eenzeg Medail fir Lëtzebuerg bei Liichtathleetik-Europameeschterschaften. Trotzdeem gouf den David Fiegen 2006 net Lëtzebuerger Sportler vum Joer; dat gouf de Fränk Schleck, deen dat Joer d'Amstel Gold Race gewonnen huet.

Säi Palmarès

  • 2005/2006 (mat 21 Joer)
    • Sëlwermedail op den 800 m (1:46,59) bei der Liichtathleetik-EM zu Göteborg (Schweden)
    • Lëtzebuerger Rekord op 800 m an 1:44,81 Minutten, gelaf beim Meeting Weltklasse Zürich
    • Lëtzebuerger Rekord op 1000 m an 2:17,51 Minutten
    • Lëtzebuerger Rekord an der 3 x 1000 Meter-Staffel a 7:17,33 - zesumme mam Jimmy Keiffer a Mike Schumacher
  • 2004/2005 (mat 20 Joer)
    • Participatioun bei den Olympesche Spiller zu Athen
    • Lëtzebuerger Rekord op den 800 m an 1:45,63 Minutten
    • Participatioun bei den "World Indoor Championships" zu Budapest (Ungarn)
    • Lëtzebuerger Rekord op 1000 m (indoor) an 2:22,12 Minutten
  • 2002/2003 (mat 19 Joer)
    • Goldmedail op de "Jeux des Petits Etats" zu Malta
    • Sëlwermedail um "Europäesche Championnat vun de Junioren" zu Tampere (Finnland)
    • Participatioun bei de World Championships zu Paräis
  • 2001/2002 (mat 18 Joer)
    • Finalist bei den "European Indoor Championships" zu Wien
    • Lëtzebuerger Rekord op 800 m (indoor)
    • Bronzemedail op den "World Junior Championships" zu Kingston, Jamaika
    • Lëtzebuerger Rekord op den 800 m an 1000 m
    • Beschte Sportler vum Joer

Kuckt och

Um Spaweck

Virdrun David Fiegen   Sportler vum Joer  David Fiegen  Duerno
Jeff Strasser 2002 Kim Kirchen

Tags:

19843. September800-Meter-LafCA Fola EschEsch-Uelzecht

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

AbrëllsgeckBenito MussoliniWrocławLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng LëntgenSpuerkeessPhilippe Schneider, de Mann mat der KameraKontraktGrand EstLiichtspektrum2012Corinna HarfouchVulvaSpack-O-Mat1900Ed LauterFaustiJohannes VermeerKrimkrichGirl with a Pearl Earring (Film)Luc FriedenZentralbankCôte de WanneGrenzerkierch Esch-UelzechtHaaptsäitKatalouneschClausenLiberté - Fräiheet!SexualitéitJean-Pierre FlohrChristian WeisRobert SchumanCroix de Guerre (Lëtzebuerg)Charles MarxSaudiarabienGeorges Eugène HaussmannAsienBlue (Film 1968)Lëtzebuerger Filmpräis 2021ZypernElisabeth MargueAlain AttenLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenCharles MederGattung (Biologie)IBMInternationale WärungsfongKleeschenLëtzebuerg am Zweete WeltkrichKoordinéiert WeltzäitBoosselenMullebutz1207Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestDominique LangRéimechMartine SolovieffOregonWikiErnst Wilhelm ContzenIechternachLes inconnus dans la maisonKommunikatiounssatellitMaximilian SchellLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergKanton Esch-UelzechtMonumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)ThéiwesburLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenEric ThillLëtzebuerger Kantonen🡆 More