D'Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner (port.: Comunidade dos Países de Língua Portuguesa, kuerz CPLP) ass eng international Organisatioun, déi 1996 vu lusofone Länner gegrënnt gouf mam Zil, déi géigesäiteg Frëndschaft an d'Zesummenaarbecht tëscht hire Memberen ze verdéiwen.
Si huet hire Sëtz zu Lissabon. D'Membere si Portugal an déi fréier portugisesch Kolonien, an an alle Memberlänner ass portugisesch déi offiziell Verwaltungssprooch.
D'CPLP gouf de 17. Juli 1996 vun Angola, Brasilien, dem Cap Vert, Guinea-Bissau, Mosambik, Portugal a São Tomé e Príncipe gegrënnt. 2002, nodeems d'Land d'Onofhängegkeet krut, ass Timor-Leste als vollwäertege Member opgeholl. No der sechster Konferenz vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bissau am Juli 2006 goufen Equatorialguinea a Mauritius als associéiert Member mat Observateurstatus opgeholl. Nom Sommet zu Lissabon am Juli 2008 krut Senegal de selwechte Status.
D'CPLP versicht, d'Integratioun vun de portugiseschsproochege Länner virunzedreiwen. 2005, wärend enger Reunioun zu Luanda gouf decidéiert, de 5. Mee weltwäit als Dag vun der portugisescher Sprooch an der lusofoner Kultur ze feieren.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.