De Carlo Back, gebuer den 23.
Januar">23. Januar 1952 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche pensionéierte Physiker a Politiker (Déi Gréng).
Carlo Back | |
---|---|
Gebuer | 23. Januar 1952 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Physiker, Politiker |
Partei | déi gréng |
De Carlo Back (genannt Karel) huet an de 70er e Bachelor a Biowëssenschaften an e Master a radioprotection et technologie nucléaire op der Universitéit zu Léiwen gemaach. No der Nuklearkatastroph 1979 op der Three Mile Island an der Géigend vun Harrisburg suedelt hien ëm a geet op Guildford fir do e Master a medezinescher Physik ze maachen.
No sengem Studium huet hie vun 1982 bis 2014 um Ministère de la Santé geschafft. Do huet hie sech besonnesch an der Fuerschung fir eng fréizäiteg Detektioun vum Broschtkriibs engagéiert. 2014 gouf hie pensionéiert.
De Carlo Back war fir d'éischt Kandidat fir Déi Gréng bei de Gemengewalen 1999. Hie war Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg vun Dezember 2005 bis September 2021. D'Maria Eduarda de Macedo iwwerhëlt säi Mandat am Stater Gemengerot.
Hie war Kandidat bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 am Bezierk Zentrum, gouf awer net direkt gewielt. Hien ass du fir de François Bausch an d'Chamber nogeréckelt, wéi deen an d'Regierung genannt gouf. De Carlo Back ass de 6. Dezember 2018 als Deputéierte vereedegt ginn. De 27. September 2021 huet hie seng Demissioun als Deputéierte vun 2022 un annoncéiert. D'Jessie Thill ersetzt hien um Krautmaart.
Als Deputéierte huet hie sech besonnesch mat den Theeme Mobilitéit an Energie auserneegesat, absënns soll d'Qualitéit an d'Energieeffizienz vum ëffentlechen Transport verbessert ginn. Hien huet och aktiv un der Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft, besonnesch vun der Aarbechtswelt, matgeschafft a gekuckt, datt dobäi kee Bierger vergiess gëtt.
Hien ass a verschiddenen ONGen am Beräich vun der Entwécklungshëllef aktiv an intresséiert sech a senger Fräizäit fir Cyclissem, Wanderen a Reesen.
Hie wunnt um Belair, ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Carlo Back, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.