De Camille Gira, gebuer den 2.
Juni">2. Juni 1958 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 16. Mee 2018, war e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng). Hie war vum 4. Dezember 2013 bis zu sengem Doud Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt an der Regierung Bettel-Schneider.
Camille Gira | |
---|---|
Gebuer | 2. Juni 1958 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 16. Mee 2018 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch, Lycée Robert-Schuman |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | déi gréng |
De Camille Gira ass tëscht 1970 an 1977 am Stater Kolléisch an am Robert Schuman an de Lycée gaangen.
Vun 1977 bis 1994 huet de Camille Gira als Fluchlots geschafft. 1993 gouf hie Member vun Déi Gréng, nodeems en 1989 eng éischte Kéier op der Lëscht Ekologisten fir den Norden fir d'Chamber kandidéiert hat. Bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf hien als gréngen Deputéierten an d'Chamber gewielt a bei de Walen dono, allkéiers erëmgewielt.
Vun 1990 bis 2013 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Biekerech, nodeems en zanter 1982 do Schäffe war. Vu 2010 bis 2013 war hie President vum Gemengesyndikat De Réidener Kanton. Am Dezember 2013 huet hien op seng Mandater als Buergermeeschter an Deputéierte verzicht, fir Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.
Vun 2008 bis 2013 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de handball.
De Camille Gira ass de 16. Mee 2018 bei enger Ried, déi hien an der Chamber gehalen huet, an d'Gette gaangen, koum nach an d'Klinik an ass do am Alter vun 59 Joer un engem Häerzversoe gestuerwen.
Hie war bestuet an hat zwéi Jongen.
Zu den Theemen, fir déi de Camille Gira sech besonnesch engagéiert huet, zielen ënner anerem de Klimaschutz, d'Promotioun vun ëmweltfrëndlechen Energien an d'Biergerbedeelegung., A senger Zäit als Buergermeeschter goufen an der Gemeng Biekerech vill Ustrengunge gemaach fir de Wee zur Energieautonomie ze fannen. Moossnamen déi dofir geholl goufen, sinn zum Beispill d'Installatioun vun Anlage fir Solarenergie op Haiserdiech an d'Creatioun vun enger gemeinschaftlecher Biogasanlag (2004) an enger Anlag, an där Holzspéin verbrannt ginn (2008). Duerch déi Moossname krut d'Gemeng Biekerech eng Virbildfunktioun fir vill aner Gemengen zu Lëtzebuerg. Och aus dem Ausland si Volleksvertrieder ugereest fir sech dat, wat zu Biekerech erreecht gouf, unzekucken.,
Donieft war de Camille Gira eng dreiwend Kraaft hannert der Aféierung vun der Lokalwärung Beki am Réidener Kanton.,,
Och dat neit Naturschutzgesetz, dat de Camille Gira an de Stonne viru sengem Doud an der Chamber presentéiert huet, gëllt als Prestigeprojet vun Déi Gréng.,
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Camille Gira, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.