E Cameo-Optrëtt oder kuerz Cameo nennt een, wann eng bekannt Persoun onerwaart e kuerzen Optrëtt an engem Film oder enger Televisiounsserie huet.
Den Ausdrock kënnt vum englesche Wuert fir e Kamee, d. h. e Relief mat engem Eedelsteen. Déi bekannt Persoun fält, wéi de Steen, an der Mass op.
E Cameo-Optrëtt kann entweeder just als Statist sinn, oder awer aus enger kuerzer Roll bestoen, wou déi Persoun sech dann dacks selwer spillt. Och bei Verfilmunge vun Episoden aus engem sengem Liewen, wou een Acteur d'Haaptroll huet, kënnt et vir, datt déi "richteg" Leit e kuerze Cameo-Optrëtt hunn (Sou z. B. d'Erin Brokowitch als Serveuse am Film mam nämmlechten Numm, oder de Larry Flynt als Riichter am Film The People vs. Larry Flint).
Eng vun deenen éischten a bekanntste Persounen, déi Cameo-Optrëtter an hiren eegene Filmer haten, war den Alfred Hitchcock. Dat gouf séier e Markenzeeche bei senge Filmer, mä goung sou wäit, datt den Hitchcock a senge méi spéide Filmer deen Optrëtt sou wäit am Ufank vum Film wéi méiglech gemaach huet, fir datt d'Spektateuren net sollen domat ofgelenkt ginn, en ze sichen.
Zënterhir gëtt et eng Abberzuel Regisseuren, déi dat, als Hommage oder als Geck, dem Hitchcock nogemaach hunn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Cameo, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.