D'Calamity Jane (engl.
Mee">1. Mee 1852 zu Princeton, am Missouri, a gestuerwen den 1. August 1903 zu Terry bei Deadwood, a South Dakota, war eng US-amerikanesch Wild-West-Heldin.
Calamity Jane | |
---|---|
Gebuer | 1. Mee 1852 |
Gestuerwen | 1. August 1903 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
D'Martha Jane Cannary war dat eelst vu sechs Kanner, wéi si 11, 12 Joer hat, sinn hir Eltere kuerz noenee gestuerwen. Si huet sech ëm hir kleng Gesëschter gekëmmert a probéiert, d'Famill iwwer Waasser ze halen. Si huet Männergezei ugedoen an an enger Rëtsch Geleeënheetsjobs geschafft, wéi Postkutsche gefuer, als Gérante vun engem Saloon, Infirmière, Goldgriewerin an als Scout fir dem Generol Custer seng Truppen.
D'Calamity Jane gouf séier am Wëlle Weste bekannt, well se hire Mann ze stoe wosst, huet och "wéi e Mann" gefëmmt, gedronk a geflucht, a sech näischt bidde gelooss. Geschwë sinn Anekdoten iwwer si erzielt ginn, déi mat der Zäit ëmmer méi abenteuerlech goufen.
An den 1880er Joren huet si e puer Joer als Wiertsfra geschafft, an ass vun 1893 un am Buffalo Bill senger Wild-West-Show opgetrueden, wou se hir Reit- a Schéisskonschtstécker zum Beschte ginn huet.
1901 huet si bei der Pan-American Exposition matgemaach. Um Enn vun hirem Liewe war si Alkoholikerin a schwéier depressiv; si ass mat 51 Joer eleng a krank an engem Hotelszëmmer gestuerwen.
Et gëtt eng ganz Rëtsch Filmer, déi Anekdote vun hirem Liewen erzielen. Och vun der Comic-Serie Lucky Luke gëtt et e puer Alben, an deene se "matspillt".
Commons: Calamity Jane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Calamity Jane, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.